Personaliséiert Placke boomen och zu Lëtzebuerg. Et ginn awer eng Rëtsch Kombinatiounen, déi vu vir eran net erlaabt sinn.

Lauschtert eran!


Personaliséiert Plackennummere
gesäit een der immens vill bei eis op der Strooss. Ofgesinn dovunner, datt ee méi déif an de Portmonni gräife muss, sinn d'Demarchen immens einfach sech esou eng Plack zouzeleeën. Hei hänkt et natierlech vum respektive Gefier of, mee normalerweis ass et eng Nummer, déi aus 5 Ziffere besteet oder 2 Buschtawen a 4 Zuelen. D'Zuelen aus 4 Ziffere sinn net méi disponibel, hei kënnt een op Waardelëscht, bis déi entspriechend Plack dann nees fräi ass.

Och I an O zu Lëtzebuerg verbueden

Et ginn dann och Kombinatioun, déi vu vir era verbuede sinn. Wéi et am Code de la Route an um Internetsite vun der SNCA festgehalen ass, sinn dat folgend: AA, CD, HJ, KK, KZ, PD, SA, SS, WC an och ZZ. Donieft ass dat de Fall fir d'Buschtawen I an O, well dës mat enger 1 respektiv 0 verwiesselt kënne ginn. HJ a KZ erënneren un d'Hitlerjugend an d'Konzentratiounslager, CD ass dem diplomatesche Corps virbehalen. ZZ ass zum Beispill fir Autoe fir Foirë reservéiert.

HH88 a Rheinland-Pfalz net erlaabt

Wat HH oder 88 ugeet, dës sinn hei am Land net explizit verbueden. An Däitschland ass dat eng aner Saach: D'Kombinatiounen HJ, KZ, SA an SS si verbueden, HH88, HH18, awer och SD dierf een a Rheinland-Pfalz net um Auto hunn. A Frankräich ass et just den SS, deen op kengem Gefier ze fannen duerf sinn. Grad esou dierf d'Plackennummer awer och net un Organisatiounen oder Persounen erënneren, déi fir Verbriechen un der Mënschheet responsabel sinn.

Verschidde Kombinatioune spezielle Gefierer virbehalen

Och bei eise belschen Nopere ginn et Restriktiounen. Eigentlech dierf ee fräi decidéieren, wéi eng Plackennummer een um Auto wëll hunn, ma Kombinatiounen, déi mat M, O, Q, S, T, W, X oder Z ufänken, si bestëmmte Gefierer virbehalen. Wéi bei eis ginn et och hei Kennzeechen, déi fir d'Politiker geduecht sinn, esou zum Beispill CDH, VLD oder och CUL. Och wann déi eege Plack géint dës Richtlinne geet, gëllt dat just fir d'Immatrikulatioun am jeeweilege Land.