Am Mäerz hu mer scho gemierkt wéi séier et ka goen, dass dat ganzt Land op eemol dobannen ass. Mengt der, dass een zweete Lockdown kënnt? Mer hunn nogefrot

D'Etappe vum Deconfinement ginn no an no ëmgesat. D'Stroossen zu Lëtzebuerg ginn nees méi voll, sief dat am Auto oder och an de Foussgängerzonen uechtert d'Land. D'Leit begéine sech also nees méi dacks. D'Unzuel vun den Erkrankunge mam Covid-19 bleift awer weider relativ niddreg, mee ganz fort ass en nach net. Dat gesäit een och gutt u Beispiller am Ausland, wou vereenzelt Plaze nees ënner Quarantän stinn.

Do kann ee sech emol d'Fro stellen, ob een zweete Lockdown zu Lëtzebuerg warscheinlech ass. Mer wollten är Meenung dozou wëssen, an hu nogefrot.

Lauschtert hei eran!