Vill Discoen a Clibb kämpfen de Moment ëm hir Existenz, anescht wéi Caféen dierfen déi nämlech nach net erëm opmaachen.

Och wa Restauranten a Caféen erëm dierfen ënner Konditiounen opmaachen heescht dat nach net, dass et hinne gutt geet. Guer net ze schwätze vun Discoen oder Clibb. Zil vun dësen Etablissementer ass et jo vill Leit ze versammelen, zesummen ze danzen an sech ze amuséieren. Ma grad dorop musse mir de Moment verzichten.

Hëllefe ginn net duer fir lafend Käschten ze decken
„D'Situatioun ass ganz schlëmm a mir wësse guer net, wéini an ënner wéi enge Konditioune mir kënnen opmaachen“, dat sot den Dany Crovisier, Manager vum Melusina an der Stad. Trotz den Hëllefen, déi engem vum Stad zoustinn, wier d'Situatioun ugespaant.

Bis ewell hätt een och nach keng Informatioune, wéi et weidergeet. Dofir huet een eng Crowdfunding-Aktioun lancéiert, fir op d'mannst déi lafend Käschte kënnen ze decken. 80.000€ sinn d'Zil. A fir dës Aktioun ze ënnermolen hunn d'Leit vum „Melu“ sech zesummegedoen, fir e Song zesumme mat engem Video ze produzéieren, déi e positive Message solle vermëttelen.

Positiv ze bleiwe fält de Responsabele schwéier
Trotzdeem fält et de Responsabele vum Melusina schwéier, fir net schwaarz ze gesinn. Et wier net einfach do ze sëtzen an näischt kënnen ze maachen. Zwar hätt een sech d'Zäit domat verdriwwe fir Entretiensaarbechten ze maachen, ma de Problem ass jo, dass ee muss op d'Suen oppassen. Well d'Zukunft ass ongewëss.

Dëst Gefill gëtt nach méi akut, well ee mierkt, dass d'Leit erëm richteg Loscht hunn eraus ze goen, sech ze amuséieren an Drock ofzeloossen.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Aktuell Situatioun ënnersträich Wichtegkeet vum Nuetsliewen
Et géif ee mierken, wéi eng wichteg Roll d'Nuetsliewen an enger Stad an an enger Gesellschaft huet. De Moment géife sech vill Leit z.B. op der Kinnekswiss, bei den Dräi Eechelen oder op soss Plazen treffen, mam Resultat, dass dacks vill Knascht op deene Plazen hannerlooss ginn an dass et och emol heiansdo zu Kläppereie kënnt, wéi rezent op der Kinnekswiss.

Grad an där Hisiicht géif ee mierke wéi wichteg Discoen a Clibb wieren an deenen d'Leit Drock kënnen ofloossen, dat awer an engem gereegelten a kontrolléierte Kader.