
© Eva Marie UZCATEGUI / AFP
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!
Widder
Beck - Loser
Bei de Widderen ass dës Woch de Wuerm dran, a se hunn d'Gefill net nozekommen. Dat demotivéiert, mee loosst de Kapp net ze vill hänken.
Stéier
Fools Garden - Lemon Tree
D'Stéiere fueren des Woch ganz nom Prinzip: wann d'Liewen ze sauer ass, da maachen ech mer et séiss!
Zwilling
Vanilla Ice - Ice, Ice Baby
D'Zwillingen behalen des Woch net nëmmen ee killen, mee souguer äiskale Kapp. Elo musst der just déi richteg Decisiounen treffen.
Kriibs
Take That - Back For Good
D'Kriibse mussen des Woch fréier Feeler nees gutt maachen. D'Venus hëlleft Iech déi richteg Wierder ze fannen.
Léiw
Christina Aguilera - Genie In A Bottle
D'Léiwe fille sech agespaart. Dobäi steet hinnen déi grouss Welt op, wa se sech nëmmen trauen.
Jongfra
Inner Circle - Sweat
Bei de Jongfraen ass et net nëmmen dobausse waarm. Och am Bett klammen d'Temperaturen des Woch non-stop.
Wo
Dr. Alban - It's My Life
Iech geet et eigentlech aktuell ganz gutt an ärem Liewen. Dofir loosst dir Iech och net vu "gudde Rotschlei" aus der Rou bréngen.
Skorpioun
Natalie Imbruglia - Torn
D'Skorpioune sinn dës Woch hin an hier gerappt. Entscheed Iech léiwer, soss riskéiert der héich ze verléieren.
Schütze
Britney Spears - Oops I Did It Again
D'Schütze sinn des Woch richteg Tollpatschen. Alles wat schif goe kann, geet och sécher schif. Evitéiert besser schaarf Géigestänn.
Steebock
Spice Girls - Wannabe
D'Steebéck beweisen hiren décke Kapp. Si wësse genee wat se wëllen, a virun allem wéi se et erreechen. Aus dem Wee alleguer!
Waassermann
Salt'N'Pepa - Let's Talk About Sex
Bei de Waassermänner muss des Woch emol Kloertext geschwat ginn. Éierlechkeet bréngt iech nämlech am meeschte Freed an d'Haus.
Fësch
MC Hammer - U Can't Touch This
D'Fësch brauchen des Woch hire Fräiraum. Kommt hinne leiwer net ongefrot ze no.