Net just de mënschleche Kierper reagéiert op héich Temperaturen...

Et ass Enn Juni an de Summer ass do! Et gesäit een et un de lëftege Kleeder, de Schweessdrëpsen op der Stier an natierlech den héijen Temperaturen, déi an de leschten Deeg ëmmer nees geklomme sinn. Ma net just de mënschleche Kierper huet mat der Hëtzt ze kämpfen, och Déiere musse virun der Sonn geschützt ginn. Dofir sollten Déierebesëtzer verschiddenen Tipps beuechten.

Vill Flëssegkeet!

Net just Mënsche solle bei héijen Temperature genuch drénke fir sech ze hydratéieren, och Déiere brauche vill Flëssegkeet. Dës kënne sech net duerch Schweessen ofkillen mee virun allem duerch Hechelen an eben Drénken. Genuch Flëssegkeet ass deemno iwwerliewenswichteg fir d'Hausdéiere virum Ausdréchnen an dem Klamme vun der eegener Kierpertemperatur ze schützen.

Sonneschutz!

Wann d'Sonn knuppt si mer all frou eng Plaz am Schiet ze fannen, och d'Déieren! Wien also Kanéngercher, Mierschwéngercher oder soss Déieren an engem Käfeg dobaussen hält, dee sollt dorop oppassen, dass dës eng Plaz hu wou d'Sonn net hikënnt a si sech zeréck zéie kënnen.

Spadséiergäng upassen!

Wann et immens waarm ass, da soll een net wéi soss villäicht matten am Dag Gassi goe mee éischter moies oder owes wann et méi kill dobaussen ass. Dat selwecht gëllt fir d'Plaz vum spadséiere goen, am Beschten net an der praller Sonn mee an de Park oder an de Bësch, wou vill Schiet ass. Dat selwecht gëllt iwwregens och fir Ausrëtt mam Päerd.

Net am Auto loossen!

Mëttlerweil misst jiddereen dat wëssen: Bei héijen Temperature soll an dierf ee Kanner an Déieren net am Auto loossen, och wann ee just fir e puer Minutten an de Buttek lafe wëll. Déi héich Temperature verwandelen den Auto bannent kuerzer Zäit an e Bakuewen an d'Suitte si fatal. D'Déiere kréien doduerch Sauerstoffmangel, Iwwelzegkeet, Kreeslafproblemer an am schlëmmste Fall féiert et zu engem qualvollen Dout. E minimal oppent Fënster oder de Fakt, dass den Auto am Schiet steet, geet net duer als Ofkillung. Denkt einfach drun: Egal ënnert wéi engen Ëmstänn dierf kee Kand an keen Déier eleng am Auto gelooss ginn, virun allem net bei esou waarmen Temperaturen!

Duerchzuch vermeiden!

Hausdéiere brauche frësch Loft, allerdéngs sollten d'Käfeger net am Duerchzoch stoen. Fir eis fillt sech dat ufanks villäicht gutt kill un, Déiere kënnen doduerch séier krank ginn.

Frëscht Waasser!

Wie Villercher eng Méiglechkeet wëll bidde fir sech ofzekillen kann dësen e Buedhäischen zur Verfügung stellen. Opgepasst: Hei soll d'Waasser dann awer dacks gewiesselt ginn. Dat selwecht gëllt fir d'Waasser am Aquarium, dat ka sech séier ophëtzen also denkt och hei dru mat Zäiten neit Waasser dran ze maachen oder noutfalls kaalt Waasser nozefëllen.

Wann dës Saachen net berécksiichtegt ginn kann et bei Déieren zu engem Hëtzschlag kommen. E glasege Bléck, eng donkelrout Zong an Hechelen mat gestrecktem Hals si bei engem Hond Unzeechen dofir, dass d'Hëtzt em zousetzt. Erbriechen, Gläichgewiichtsstéierung a Bewosstlosegkeet deit op e Hëtzschlag hin. Bei Kazen erkennt een dëst un Onrou, erhéichtem Häerzschlag, erhéichter Temperatur oder dass se um Bauch leien a ganz staark ootmen. Bei dëse Symptomer gëllt et direkt e Veterinär em Rot ze froen!