Knascht gehéiert net an d'Natur! Dat ass gewosst, ma esou e Batz oder déi reschtlech Schuele sinn dach kee Problem - oder?

Lauschtert eran!

Ganz sou einfach ass et net, wéi d'Elisabeth Kirsch vun der Fondatioun natur&ëmwelt eis géintiwwer erkläert huet. Schuele vu Banannen zum Beispill zersetze sech zwar iergendwann, ma dat kann e puer Joer daueren. Et ass eng tropesch Fruucht, där hir Schuel als Aart Schutz déngt. Och wann et bei eis méi waarm ka ginn, ass et net dat Klima, dat eng Banann eigentlech gewinnt ass.

Dat gëllt fir al Tropefruucht, zum Beispill zielen dozou och Mandarinnen oder Orangen. Geheit ee mol säi reschtleche Batz vum Apel an de Bësch, geet d'Welt natierlech net ënner. An de Biomüll ass hei déi besser Alternativ, bei Zitrusfriichten ass och de Kompost net optimal, esou d'Elisabeth Kirsch weider. Bananneschuele kann een awer och nach ganz anescht weider verwäerten.

Duerno kann een d'Schuelen an engem Behälter versuergen an déi kleng Stécker an de Buedem mat aschaffen. Eng aner Optioun ass e sougenannte Banannentéi respektiv e flëssegen Dünger. Hei kacht een 100 Gramm Schuele mat engem Liter Waasser op, léisst dat wärend 24 Stonnen zéien, duerno kënnt nach eemol e bësse Waasser dobäi a scho kann ee seng Zëmmerplanzen düngen.

Anescht wéi d'Biologin och soss ugeholl hat, kann een d'Schuelen duerchaus iessen. Virun allem verschidde Vitaminnen an de Schuele wiere gutt wier Veganer, well dës dacks just an Déiereproduiten ze fanne sinn. Entweder ësst een d'Schuelen esou oder et geheit ee se mat an de selwer gemixte Smoothie. Dat gëllt iwwregens och fir d'Kiwi – déi Schuel kann een och ouni Bedenken iessen.