Eigentlech sollten d’Britte grad voll am Sportsféiwer sinn.

D’Futtball-Europameeschterschaft wier amgaang an d’Final géif d’nächst Woch hei zu London ausgedroe ginn. Gläichzäiteg wier hei an der brittescher Haaptstad dann och den international wichtegen Tennistournoi Wimbledon gewiescht. A kuerz duerno wieren d’Olympesch Spiller zu Tokio ugaangen. D’Coronakris huet do de Britten – an dem Rescht vun der Welt - awer e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

Lauschtert hei de Reportage:

Fir dass d’Britten dëse Summer awer net komplett op hier Dosis Sport verzichte mussen, huet d’BBC elo eng Léisung parat. Wärend den nächste puer Woche weist si op hire verschiddene Kanäl Sportshighlights vun de leschte Joerzéngten. Dorënner Matcher vu verschiddenen Europameeschterschaften, ewéi zum Beispill England géint Däitschland bei der EM 1996, awer och Highlights vu vergaangene Wimbledon Tournoien, inklusiv dem Andy Murray senger Victoire iwwert den Novak Djokovic 2013.

© pixabay.com

De groussen Highlight wäerten awer d’Widderhuelunge vun den Olympesche Spiller 2012 hei zu London sinn a virun allem d’Erëffnungsfeier déi d’Britten an eng Zäit zrécktransportéiere soll, wou et de Brexit nach net gouf, de Boris Johnson just de geckege Buergermeeschter vu London war a vu COVID19 a Lockdowns nach kee geschwat huet.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter