Säit iwwert 100 Deeg ass Groussbritannien elo offiziell am Lockdown - mee dat wäert sech elo änneren.

A wärend een an anere Länner nees an d’Restauranten, de Kino oder de Fitness dierf, esou sinn hei just Butteker op an d’Leit si weiderhin opgefuerdert esou gutt et geet doheem ze bleiwen. Dat alles wäert sech awer elo endlech vun e Samschden un änneren. Da fänkt nämlech déi nächst Phas vum Deconfinement hei un.

Lauschtert hei de Reportage:

Vun e Samschdeg u muss een hei an England nämlech just nach 1 Meter Ofstand zu anere Leit halen, amplaz 2 Meter. Aus dësem Grond däerfen och nees d’Pubs, d'Restauranten an d'Kinoen hir Dieren opmaachen, virausgesat si kënne garantéieren, dass dës Reegel agehale gëtt. Dat bréngt mat sech, dass een am Pub an Zukunft säi Gedrénks per App bestellt, amplaz un de Comptoire ze goen. Zur grousser Freed vu ville Leit ginn no iwwer 3 Méint och d’Coiffeuren nees op an et ass nees erlaabt sech mat Leit vun engem anere Stot doheem ze treffen.

© pixabay.com

Schwämmen a Fitnesszentere bleiwen awer weiderhin zou. Och gëllen dës nei Reegelen am Moment just fir England, an net Schottland, Nordirland oder Wales wou weiderhi méi streng Reegele gëllen. Ob et eng gutt Iddi ass, dass dat Land wat an Europa am schlëmmste vum Coronavirus betraff ass, elo esou séier nees aus dem Lockdown erauskënnt, bleift ofzewaarden.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter