"Mir hunn iwwert alleguer eis Cercle probéiert Leit ze erreeche well mir wollten, dass jiddereen informéiert wär".

Juni 2020, d’Ofschlossexame si gepackt, oder och net – d’Schüler preparéiere sech op hir Uni Zäit vir, di eng wësse scho wat se maache sollen, di aner net also eigentlech alles wéi ëmmer. Wär do net de Coronavirus. Et ass schonn net einfach sech fir ee Beräich ze decidéieren, an deem een duerno e Liewe laang schaffe wëll, ma duerch d'Pandemie sinn dunn och nach hëllefräich Aktivitéite wéi "Student fir een Dag" a "Studentefoiren" ausgefall, respektiv hu missen online gehale ginn. Eng Adress, déi de Schüler a Studenten an dëser Zäit awer weiderhëllefe konnt ass d'ACEL, de Studentevertrieder.

Am Eldo-Interview war de Sven Bettendorf, Präsident vun der ACEL, deen eis verroden huet, dass d'Kommunikatioun tëscht de Schüler an der Associatioun vun de Studentencercelen zwar anescht war, ma net manner aktiv. Ugefaange mam Kontakt: Dee war dëst Joer physesch gesinn zwar net esou enk, ma duerch Social Media, Uriff, Mails an hire Site war e permanent garantéiert. Wien also eng Fro hat konnt sech op dësem Wee beim Studentevertrieder mellen. A logescherweis sinn dës Ufroen och an d'Luucht gaangen. Wärend sech d'Froe vun den Ofschlossklassen net grouss geännert hunn (Wéi mellen ech mech un, wéi fannen ech eng Wunneng a sou weider) an och de Choix un Unie keng Verännerung ugewisen huet, huet ee bei de Studenten e Changement gemierkt.

Duerch de Coronavirus gouf et an alle Beräicher vill Onkloerheeten, esou och a Punkto Studium. Virun allem Leit, déi am Ausland studéieren hu bei der ACEL ëm Rot gefrot. De Studentevertrieder stoung am direkte Kontakt mam Ausseministère an huet esou gutt wéi méiglech probéiert op Froe wéi "Muss ech heemkommen?", "Dierf ech wéinst Examen iwwert d'Grenz?", "Wéi gesäit et mat der Bourse a COVID-Zäiten aus" oder Änleches ze äntweren.

Wärend een nach net genee weess wéi et viru geet an ob d'Unien am September/Oktober nees normal funktionéiere wäerten, konnten d'Ofschlossklassen hei am Land hir Exame wéi geplangt schreiwen a kënne sech deemno och ganz normal umellen. Wéi d'ACEL eis verroden huet wären dowéinst bei de meeschten Unien och d'Umeldungsfriste fix bliwwen, dofir wäre se awer an anere Saache méi kulant. Esou kéint een dëst Joer net mat deem Joer vum leschte vergläichen, ganz einfach well vill international Studenten op Universitéite vertruede sinn an dës dëst Joer net onbedéngt op der Plaz konnte sinn. Deemno goufe vill Examen an Aarbechten op fräiwëlleger Basis gemaach an d'Unie sinn de Studenten entgéint komm an deem se zum Beispill net sou genee op ECTS gekuckt hunn.

Aussergewéinlech Mesurë fir aussergewéinlech Zäiten, an deenen de Studentevertrieder probéiert huet zukünfteg an aktuell Studenten ze encadréieren. Dëst dann ebe mat hirem Site (Blogposts) a Posts op Social Media fir esou vill wéi méiglech Leit ze informéieren. Donieft gouf mam Studenteguide e weidere Schrëtt lancéiert fir konkret d'Schüler ze erreechen. Dëse gouf d'lescht Joer schonn nei opgeluecht, ma duerch de Mangel u Studentefoiren an Änleches konnt en net wéi soss verdeelt ginn. Elo gouf da mam Ministère gekuckt fir bei all Diplom esou e Studenteguide dobäi ze leeën an esou fir déi néideg Informatiounen ze suergen an d'Kontaktdate vun der ACEL un d'Schüler virun ze ginn.

Weider Infoen, Blogposts, Artikelen an Updates iwwert a vun der ACEL fannt dir hei.

Lauschtert eran