Heiansdo muss een net wäit siche goe fir anstänneg Geld ze maachen. D'Geld läit dacks einfach um Späicher oder am Keller.

Lauschtert eran

Heiansdo huet een doheem Saachen trëllen, vun deenen een net méi weess, dass een se iwwerhaapt huet. Da mécht een dat wat d'Mamm engem e Liewe laang gezielt huet an zwar alles, wat ee mengt net méi ze brauchen, ze verschenken oder ze entsuergen.

Dat ass eng Approche déi heiansdo richteg falsch ka sinn, zemools wann d'Saachen e Sammlerwäert hunn.

Eng Etüd vun der däitscher Verpackungsfirma ''Rajapack'', huet zesumme mam Antiquitéitsexpert Wayne Colquhoun, deen duerch déi brittesch Versioun vum ''Trödel-Trupp'' bekannt ginn ass, virausgesot, wéi eng geprinte Saachen a 50 Joer e grousse wäert kënnen hunn.

Hei fält direkt op, dass d'Bicher am Ranking d'Nues fir hunn. Déi éischt Oplag vun der Herr der Ringe Triologie, ënnerschriwwe vum Auteur Tolkien ass haut 20'300 Euro wäert an a ronn 50 Joer ëm di 113'000.

Och de ''Paper Magazine – Winter 2014'', ënnerschriwwe vum Kim Kardashian, huet momentan e Wäert vun 260 an a gutt 50 Joer , ëm di 680 Euro.

Interessant ass awer och, dass Fanartikel vum Coachella 2018 an deenen nächste Joren, enorm am Präis klammen. Aktuell sinn se ëm déi 11 Euro, an an engem hallwe Joerhonnert verzéngfacht sech dat op 1130 Euro.

Also op wat waart der nach? Mëscht mol de Späicher aus, villäicht fannt der jo nach dat eent oder anert wat an e puer Jore richteg wäertvoll ass.