Kann de Virus duerch d'Waasser iwwerdroe ginn? Dat ass eng Fro, déi ee sech elo beim gudde Wieder ka stellen.

De Summer ass do a wie Summer seet, dee seet och Schwammen, egal ob an der Schwämm, am Stauséi, doheem am Pool oder op de Baggerweieren. Dobäi eng Mask unzehunn ass zwar méiglech, mä net immens praktesch. A virun enger Schlupp Waasser schützt jo och keng Mask.

Mir hunn d'Leit dobausse gefrot
Et stellt sech jo prinzipiell d'Fro, ob de Coronavirus dann och villäicht iwwer d'Waasser iwwerdrobar ass, nogewise gouf en dora jo schonn. D'Julie war mam Mikro ënnerwee an huet d'Leit gefrot, wat si dann dovun denken, déi meescht waren iwwerzeegt, dass de Risiko fir eng Infektioun duerch d'Waasser net oder nëmme ganz schwéier méiglech ass.

Mir hunn d'Leit dobausse gefrot:

Filteren & Chlor maachen dem Virus d'Liewe schwéier
Dem Gesondheetsministère no ass d'Schwämm kee gutt Ëmfeld fir de Virus, dat net zulescht wéinst dem Chlor, deen am Waasser ass an dee jo genee dozou geduecht ass, d'Waasser fräi vun Erreeger ze kréien. Dobäi kommen d'Filteranlagen. Eng Analys aus Italien konnt dann och weisen, dass Chlor de Virus zouverlässeg futti mécht. Donieft gëtt e puermol den Dag d'Waasserqualitéit kontrolléiert an d'Waasser zirkuléiert, fir dass sech net an engem bestëmmte Beräich awer Erreeger kënnen usammelen. Keng vun den Analysen, dorënner och vun der WHO, gesäit en eeschte Risiko fir eng Infektioun duerch d'Waasser an de Schwämmen.

Erreeger gi staark verdënnt
Ma elo kéint ee jo dovun ausgoen, dass den Infektiounsrisiko do, wou net mat chemesche Mëttelen a Filtere geschafft gëtt duerchaus reell wier, z.B. a Séien, am Mier oder a Flëss. Ma och hei deit bis ewell näischt op en erhéichte Risiko hin. D'selwecht wéi bei der Schwämm ass et nämlech esou, dass de Virus esou staark verdënnt gëtt, dass eng Infektioun nëmmen nach reng theoretesch méiglech wier, d'Gefor dofir ass awer enorm kleng. Ma trotzdeem heescht dat net, dass een sech beim Schwammen an der Schwämm oder um Séi net kéint infizéieren, de Problem ass nämlech net d'Waasser, mä d'Usammlunge vu Leit.

Distanzreegele gëllen och beim Schwammen
Dofir gëllen och do d'Distanzreegelen, egal op am oder baussent dem Waasser. An de Schwämmen ass et dem Bedreiwer seng Aufgab sécherzestellen, dass dës Distanzen och agehale kënne ginn. Dobausse muss jidderee selwer Responsabilitéit iwwerhuelen. Well och am Waasser kann ee matenee braddelen an deen aneren duerch déi kleng Drëpsen, déi beim Schwätzen entstinn ustiechen. De Gesondheetsministère nennt hei nëmmen eng Ausnam: wann eng Persoun Hëllef brauch, da falen d'Ofstandreegelen natierlech ewech.