Jee no Wiederlag kann ee méi kuerz oder méi laang Previsioune maachen - ob eis dëse Summer eng Hëtztwell erwaart ass deemno schwéier ze soen.

Lauschtert eran!

Wann d'Wieder um Siweschléiferdag gutt ass, bleift dat och esou fir déi nächst 7 Wochen – esou seet et mol d'Bauerereegel. De Weekend de 27. Juni war deen Dag an um Samschdeg war d'Wieder eigentlech gréisstendeels gutt - e gudde Mix aus vill Sonn, e puer Wolleken, awer och plazeweis déi eng oder aner Schauer. Déi nei Woch huet manner summerlech ugefaangen. Dofir stellt sech d'Fro, wéi d'Wieder dann déi nächst Zäit gëtt an ob een op d'Bauerereegel vertraue kann.

Wieder stabiliséiert sech Enn Juni

Et kann een net een eenzegen Dag als Referenz huele fir ze kucken, wéi d'Wieder déi nächst 7 Woche gëtt. Statistesch gesi wier dat mol net beluecht. D'Meteo ass eng immens "onsécher Wëssenschaft" a kann net ëmmer esou konkret an detailléiert viraus gesot ginn, wéi een dat vläicht unhuele kéint. Wat de Siweschléiferdag ugeet, do kann ee festhalen, dass sech d'Wieder ëm déi Zäit stabiliséiert, esou den Adnan Ćeman, Chef du Service Météorologique bei Meteolux am Interview.

Dës Woch kee richtegt Summerwieder

Fir déi kommend Deeg brauch een net mat héichsummerlechem Wieder ze rechnen. E Mëttwoch kann den Thermometer duerchaus op 25 Grad klammen – sou bal dat de Fall ass, gëtt dat Ganzt awer och nees mat Donnerwieder ausgebremst. Méi dréchen a stabil soll et eréischt Ufank nächster Woch ginn. Wéi gesäit et da mat de Previsioune fir déi nächst Wochen aus? Viru puer Méint hate verschidde Wiederdéngschter eng Hëtztwell annoncéiert. Esou einfach wier dat awer net ze soen.

Fluktuatiounen an de Wiederlage ganz normal

Tendenziell gesäit de Mount Juli neutral aus, den August kéint méi waarm ginn. Méiglecherweis kéint - d'Betounung läit op kéint – de Modell dat Ganzt 2 bis 3 Grad méi waarm uweise loosse wéi dat normalerweis de Fall ass. Am Verglach mam leschte Joer géif et och keng gréisser Ënnerscheeder ginn. Fluktuatiounen an de Wiederlage sinn dem Adnan Ćeman no ganz normal, och wa mir elo puer Deeg haten, wärend deenen et méi waarm war wéi déi Woche virdrun.

Net direkt vun Hëtztwell schwätzen

D'Fro kënnt jo all Joers nees op, ma fir eng saisonal Previsioun ze maache wier dem Chef vum meteorologesche Service no extrem schwéier. Och wann et elo eng Woch iwwerduerchschnëttlech waarm ass, kann een net direkt an automatesch vun enger Hëtztwell schwätzen – et muss een dat grousst Ganzt kucken, also eng méi laang Period ënnert d'Lupp huelen. De leschte Rekord vun der Maximaltemperatur gouf de 25. Juli 2019 um Findel mat 39 Grad gemooss!