Dës Woch reese mer mam Eldoskop an d'Welt vun Disney. Magie an Ourewierm si garantéiert!

Widder

Frozen - Let It Go

Einfach lassloossen! Dat mécht net nëmmen d'Elsa, mee och eis Widdere vergiessen dës Woch hir Suergen.

Stéier

Mary Poppins - Supercalifragilisticexpialidocious

Et gëtt wuel kee Wuert, dat d'Stëmmung vun de Stéieren dës Woch besser beschreift wéi den Zongebriecher vum Mary Poppins. Et gëtt eng gutt Woch!

Zwilling

Coco - Remember Me

D'Zwillingen denke besonnesch vill u Persounen, déi net méi an hirem Liewe sinn. Bleift awer net ze vill an der Vergaangenheet hänken.

Kriibs

König der Löwen - Be Prepared

Fir alles bereet! Dat ass dës Woch de Motto vun de Kriibsen. Probéiert just net wéi de Scar d'Muecht komplett un iech ze räissen.

Léiw

Pinocchio - When You Wish Upon A Star

Wann ee sech eppes fest genuch wënscht, da gëtt et Wierklechkeet. Dat klappt net nëmme beim Pinocchio, mee elo och bei de Léiwen.

Jongfra

Pocahontas - Just Around The Riverbend

D'Jongfraen hunn dës Woch Loscht op Aventuren. Wann d'Kanu vum Pocahontas net zur Verfügung steet, fannen se aner Méiglechkeeten den Horizont z'erweideren.

Wo

Die Schöne und das Biest - Be Our Guest

Bei der Wo kënnt dës Woch hir sozial Oder eraus. Aner Leit verwinnen, duerno steet hinnen de Sënn. Villäicht kënnt d'Biest och laanscht?

Skorpioun

Toy Story - You've Got A Friend In Me

D'Skorpioune beweisen hire Frënn dës Woch wéi trei se wierklech sinn. Wéi de Buzz an de Woody, gi se duerch déck an dënn.

Schütze

Küss den Frosch - Almost There

D'Schützen erreechen ee grousst Zil, op dat se laang hi geschafft hunn. Hoffentlech musst der awer kee Fräsch kussen.

Steebock

Aladdin - A Whole New World

Heiansdo kann eng eenzel Persoun eist Liewe komplett op d'Kopp geheien. Bei de Steebéck bréngt dat awer vill Positives an nei Horizonter mat sech.

Waassermann

Tarzan - Two Worlds

Géigesäz gehéieren zesummen. Dofir spieren d'Waassermänner d'Energie vum Mound a vun der Sonn gläichzäiteg dës Woch. Doduerch entdecken se vill Neies.

Fësch

Vaiana - How Far I'll Go

Heiansdo kann ee säi Gléck just fannen, wann een d'Vergaangenheet hannert sech léisst. D'Vaiana huet seng kleng Insel verlooss an och d'Fësch maache sech op d'Rees.