Mer laache gären iwwer Witzer, mee firwat eigentlech?

Lauschtert hei eran!

Humor hunn, dat bedeit, dass een iwwer Witzer oder Situatioune laache kann. Dobäi huet d'Wuert Humor scho mol guer näischt Witzeges u sech. Humor bedeit nämlech eigentlech Fiichtegkeet, a kënnt aus dem Griicheschen. Am ale Griicheland war een nämlech der Meenung, dass verschidde Kierperflëssegkeete bestëmme wéi mer ausgesinn. Eréischt am 17. Joerhonnert krut Humor seng eigentlech Bedeitung. Mee firwat oder wéini laache mer iwwer Witzer? Ma eng eendeiteg Äntwert gëtt et dofir net. Dat och, well mer alleguer iwwer ganz verschidde Saache laachen. Humor ass subjektiv an u Kulturen, sozial Normen oder och eis Hierkonft gebonnen. Obwuel scho vill Etüden zu dësem Thema gemaach goufen, konnt een nach keng eendeiteg Definitioun festhalen.

A firwat ziele mer Witzer? Ma dat hänkt vun de Situatiounen of. Sëtzt een zum Beispill zesummen an enger Ronn, an d'Stëmmung ass gutt, kann esou ee Witz dozou bäidroen, dass d'Stëmmung nach besser ass. Et hëlleft eis och besser ze verstoen, wéi déi aner Leit ronderëm eis ticken, a kann eis am Fall vun engem gelongene Witz méi no zesumme bréngen. Witzer kënnen eis awer och hëllefe mat schwierege Situatioune besser ëmzegoen. Dofir ass Humor och dacks a Krichsgebitter ee wichtegt Ventil. Mer laachen awer och wa mer Angscht hunn oder nervös sinn.