Wann de Parkschäinautomat futti ass an ee kee Parkticket kann huelen da kann een net vill maachen – ausser et ass en 2. an der Géigend.

Wie kennt et net, et wëllt een sech op der Strooss iergendwou parken, et reent wéi aus Eemeren an da wëllt een nach séier en Ticket huelen an da geet de Parkschäinautomat net. Deen nächste steet e Kilometer wäit ewech an et freet een sech: „Wann ech elo e Pretekoll kréien, da soen ech einfach, dass den Automat net gaangen ass.“ Dat kléngt zwar ganz clever, ma ass dat wierklech e valabelt Argument?

Fir den André Schaack vun der Police ass d'Saach kloer. Wann ee kee Parkschäi kann huelen, da kann een och kee bezuelen.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Ma dat heescht awer net an all Fall, dass een net muss bezuelen. Dacks steet jo net nëmmen een Automat an enger Strooss. A wann ee futti ass, da geet een ebe bei den nächsten, esou den André Schaack. Dat kascht natierlech Zäit an et muss een emol bis dohi goen, ma dat ass kee Grond fir keen Ticket ze huelen.

Bei deene Parkplazen, fir déi et nëmmen en eenzegen Automat gëtt ass d'Saach dann awer erëm kloer.

Huet ee kee Parkschäin an den Automat ass awer net futti gewiescht, da kascht dat iwwerdeems fir déi éischt 30 Minutten 12 Euro, duerno sinn et der 24 Euro. An den Ticket muss een dem Code de la Route no vu bausse gutt lieserlech mat der richteger Säit no uewe bannen am Auto hanner déi viischt Scheif leeën.