Wien ass iwwerhaapt op déi Iddi komm sech mam Gefier virun eng Leinwand ze stellen an doraus en Event ze maachen?

Wann een éierlech ass hate vill Leit virum Coronavirus net d'Bedürfnis en Autokino ze besichen, ëmmerhin hat ee jo e Kino an deem ee sech bequem eng Popcorn huelen an e Film genéisse konnt. Ma duerch d'Pandemie huet d'Konzept awer en Opschwong kritt a séier hu mer gemierkt Ecranen ënnert dem fräien Himmel, dat ass schonn iergendwéi romantesch.

Ma d'Nostalgie huet 80 Joer no hirem Ursprong an den USA, och hei am Land nees Fouss gefaasst. De Fräiloft-Kino ass eng amerikanesch Traditioun a gouf 1933 entwéckelt. Ugefaangen huet et ganz kleng, bei der Mauer vum Richard Milton Hollingshead senger Garage zu New Jersey. Dëse wollt e Film kucken an trotzdeem vum gudde Wieder bausse profitéieren, deemno huet e béides kombinéiert a gemittlech vu sengem Autosdaach Kino-Feeling genoss. Aner Stëmme soen, dass e Sträit mat senger Frau hat an dowéinst no bausse geflücht war. Egal wéi huet sech d‘Iddi duerchgesat an hien huet Patent drop ugemellt. Nodeems de Mann laang mat Kodak-Projektoren an Ecranen aus Lëlldecher experimentéiert huet, huet hie säin Open-Air-Kino mam simpelen Numm „Drive-In Theatre“ lancéiert. 335 Gefierer konnten hei schlussendlech op senger wäiss ugestrachener Mauer Filmer kucken. A séier huet d’Iddi Nomaacher fonnt.

Och an Europa ass een op d’Konzept opgesprongen, eréischt 30 Joer méi spéit, mee trotzdeem ganz zu der Freed vun hei stationéierten US-amerikaneschen Zaldoten. E Stéck Heemecht fir si an e Stéck amerikanesch Kultur fir eis. D’Leit hu séier Gefalen doru fonnt, dass een duerch dës Form vu Kino wärend dem Film schwätzen, laachen, sech kussen an iesse konnt, ouni de Recht vum Publikum ze stéieren. Nieft der Privatsphär war och den niddregen Ticketspräis e Faktor fir den Erfolleg, an natierlech d’Romantik ënnert engem stärekloren Himmel e Film genéissen ze kënnen. Déi lescht Rei huet iwweregens e bësse méi kascht, dat war nämlech déi sougenannte „Love Lane“, an där een net duerch Autoen hannert engem gestéiert gouf.

No an no huet den Hype awer ofgeholl, d’Präisser si méi deier ginn an déi duerchgoend Sëtzbänke vir an den Autoe si verschwonnen (an domat och de Kuschelfaktor). Haut ginn et an den USA just nach em déi 350 Autokinoen. Mëttlerweil ass et virun allem d’Nostalgie, déi vill Leit an en Autokino zitt.

Hei zu Lëtzebuerg hält sech d'Konzept och, duerch d'Pandemie krut den Autokino awer definitiv nach emol en Opschwong.