An der Chamber gouf et eng Diskussioun ronderëm d'Verschmotzung duerch Einweg-Masken. Wéi soll et do an Zukunft weidergoen? A wat sinn d'Alternativen?

"Dës Masken ginn awer zum Deel illegal entsuergt an et fënnt een se ëmmer nees verdeelt an der Landschaft, egal ob am Bësch, laanscht d'Stroossen oder op de Plazen. Dës Problematik existéiert awer net nëmmen hei zu Lëtzebuerg mee och am Ausland."

Mat "dëse Maske" sinn déi chirurgesch Maske gemengt, déi een nëmmen eemol dierf undoen. De Paul Galles huet a senger parlamentarescher Fro d'Problemer opgewisen, déi senger Meenung no duerch des Masken entstinn. Dat ass eemol den zousätzlechen Offall, d'Verknaschtung vun der Ëmwelt, an d'Verbrauche vu Ressourcen.

Lauschtert hei eran!

Een offensichtleche Problem entsteet duerch déi Persounen, déi hir Masken einfach an d'Natur geheien. Eemol, well kënschtlech Stoffer dra verschafft sinn, déi sech net zersetzen oder Mikroplastik fräisetzen. Dofir gouf zum Beispill elo a Frankräich d'Strof erhéicht, wann ee seng Mask einfach op de Buedem geheit. Amplaz vun 68 Euro, kann de Protokoll direkt 135, oder souguer 750 Euro kaschten.

Iwwert méi héich Strofen hei zu Lëtzebuerg huet ee sech och schonn am Ëmwelt Ministère Gedanke gemaach, wéi d'Carole Dieschbourg erkläert huet:
"Beim Iwwerschaffe vun den Direktiven, déi mam Offall ze dinn hunn, wëlle mer änlech wéi Frankräich, d'Strofkatalogen déi am Réglement Grand-Ducal sinn, iwwerschaffen. Well Littering ass kee Kavaléiersdelikt. Et ass d'ailleurs och dat, wou mer à ce stade sensibiliséieren a wou mer och iwwert de Summer weider sensibiliséiere wäerten."

Et wier ee sech duerchaus bewosst, wéi een Impakt des Masken op eise Reschtoffall hätten. Wann ee rechent, dass eng Mask ronn 4 Gramm weit, géifen direkt 144 Tonnen Offall dobäi kommen. Dat just duerch déi Masken déi vun der Regierung ausgedeelt goufen.

Bei der Fro ob no Alternative gesicht gëtt fir d'Einweg-Masken, an och ob lokal Betriber do méi staark sollen agebonne ginn, ass awer éischter drop verwise ginn, wat bis elo bei deene verschiddene Ministèren ënnerholl gouf. Sief dat duerch d'Bitze vu Masken duerch Benevolen oder d'Verdeele vu Buffen. Eng richteg Zukunftsperspektiv schéngt et awer nach net ze ginn am Ëmweltministère. Dobäi wäerten d'Masken eis awer nach eng Zäit erhale bleiwe, wann een de Previsioune vun enger Rei Virologe gleewen dierf. Ee grénge Wee am Ëmgang mat eise Maske wier dofir sécher eng Iwwerleeung wäert.