Et liest een ëmmer nees, iwwer Leit déi wëllen Ufoe gesinn hunn. Ma och hei zu Lëtzebuerg kënnt dat ëmmer nees vir!

Et ass ee Sujet, deen d'Mënschheet scho laang beschäftegt. Schonn an der Antik hunn d'Leit sech Gedanken driwwer gemaach ob Liewensformen ausserhalb vun eiser klenger Äerd existéieren. Deemools waren et awer haaptsächlech Mythen, déi do behandelt an thematiséiert goufen. Mat der Erweiderung vun eisem Wëssen ronderëm d'Universum an eiser Plaz do dran, huet ee sech och ëmmer méi wëssenschaftlech mam Sujet vun ausserierdeschem Liewe befaasst.

Lauschtert hei eran!

Dofir hält een et mëtlerweil fir éischter onwarscheinlech, dass iergendwann riseg Ufoen opdauchen an eis ausläschen. Esou Zeene kenne mer jo aus Filmer wéi Independence Day oder och den Avengers. Ma och hei zu Lëtzebuerg kënnt et awer ëmmer nees vir, dass Leit soen, dass se Ufoe gesinn hunn. Esou zum Beispill den 12. November 2012. Do haten zwou Persounen uginn, dass se ronderëm Biermereng, Elveng a Remerschen direkt e puer Flugobjekter gesinn hunn, an och vun der Luucht vun engem vun dësen Objeten erwëscht goufen. Donieft hätten d'Persounen duerno an der Ëmgéigend och dräi "Kornkreise" fonnt.

Ma och elo dëst Joer, Enn Abrëll, goufen nees komesch Luuchten am Himmel iwwer Lëtzebuerg gesinn. Vereenzelt Liichterketten goufen ëmmer nees entdeckt. Do konnt de Verdacht op Ufoen oder och Stäreschnäizecher schnell widderluecht hunn. Do huet et sech nämlech erausgestallt, dass den Elon Musk fir dës Beobachtunge responsabel war. Seng Firma Space X, hat einfach just Satellitten eropgeschoss.