Eng Plastikstut huele mer net méi gären. Mee bei der Tut aus Pabeier kann ee jo näischt falsch maachen, oder?

Lauschtert hei eran!

Lues a lues verschwannen d'Plastikstuten an de Geschäfter. Ëmmer méi trëfft een dofir op Tuten aus brongem Pabeier. Dat ass jo vill méi ökologesch a schount eis Ëmwelt!

Falsch geduecht! Pabeiertute ginn nämlech fir unzefänken net onbedéngt aus recycléiertem Pabeier gemaach, trotz bronger Faarf. Dacks ginn déi Pabeiertuten einfach just gefierft fir méi ökologesch auszegesinn. Eigentlech misst een déi Tuten aus Pabeier nämlech op mannst 4 mol benotze fir sécher ze sinn, dass se eis Ëmwelt manner belaaschte wéi Plastikstuten. Fir eng Tut aus Pabeier ze produzéiere ginn nieft Energie, Ressourcen a Chemikalien och nach ronn 3 Liter Waasser verbraucht.

Mee firwat gëtt da kee recycléierte Pabeier genotzt? Dat ass eng legitim Fro déi een sech ka stellen, mee fir déi et och eng Äntwert gëtt. Fir wierklech stabil ze sinn, mussen d'Faseren déi an den Tute verschafft ginn extra laang a fest sinn. Well dir kennt et sécher: wann d'Tut bis fiicht oder naass ass, geschitt et ganz séier, dass se och räisst. Beim recycléiertem Pabeier sinn d'Faseren awer net méi esou stabil. Dofir muss een dann ëmmer op "frësch" Ressourcen zeréck gräifen. Wie wierklech nohalteg wëll sinn, huet also besser Akafstuten oder Kierf ze benotzen, déi een och sécher ëmmer nees benotzt.