A China soll en neie Virus opgetaucht sinn, dee vum Schwäin op de Mënsch iwwerdroe gëtt. Wat ass do drun?

D'Corona-Pandemie dominéiert déi ganz Welt. Nodeems sech d'Zuele weltwäit agependelt hunn, registréiere ganz vill Länner nees däitlech Haussen. Bis en Impfstoff do ass kann et am beschte Fall nach e puer Méint daueren, ma de Moment geet schonn nees vun engem neie Virus riets, dee wéi de Coronavirus säin Ursprong a China soll hunn a vum Déier op de Mënsch iwwerdroe géif ginn.

Virus verbreet sech a Schwäiställ

Fuerscher weise sech besuergt a schwätze vun engem Influenzavirus, dee sech a Schwäiställ ausbreede géif. Dëse géif sech awer net just op d'Déiere begrenzen, mee soll och eng Gefor fir de Mënsch duerstellen. Heescht wéi elo mam Coronavirus fäerten d'Fuerscher, datt et zu enger neier Pandemie komme kéint. Datt sech nei Influenzaviren entwéckelen ass awer näischt Neies.

Ähnlechkeet mam H1N1-Virus vun 2009

Et gi se an alle Formen a mussen net onbedéngt geféierlech sinn, ma verschidde Mutatioune kënnen awer en déidleche Verlaf hunn. A genee dës geféierlech Variant fënnt dacks hiren Ursprong bei Schwäin. Chinesesch Wëssenschaftler soen, dass de Virus, dee kuerz G4 genannt gëtt, grouss Ähnlechkeet mam H1N1-Virus vun 2009, wéi sech d'Schwéngsgripp ausgebreet hat, opweise géif.

Aktuell keng konkret Unzeeche fir nei Pandemie

De Virus gouf deemools immens séier op de Mënsch a vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroen. Am Kader vun enger Etüd gouf e fir d'éischt entdeckt. Virun allem hätt en eben d'Potential sech a mënschlechen Zellen auszebreeden. Aner Fuerscher aus Däitschland oder den USA soen, datt een de Virus weider suivéiere soll, fir eng déidlech an nei Pandemie géif et awer keng Unzeeche ginn.

De G4 am A behalen a weider fuerschen

Dass dat de Fall ass, misst de Virus engersäits séier vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroe ginn (wéi dat 2009 de Fall war) a sech un eisen Organismus upasst an anerersäits schwéier Symptomer provozéieren. Tester un Déieren hätten de Fuerscher aus China no genee dat gewisen. Fir ouni Zweiwel soen ze kënnen, datt ee vun der nächster Pandemie schwätze kann, musse weider Tester duerchgefouert ginn.