Wärend dem Dréi vu "Eurovision" mam Will Ferrell a Rachel McAdams gouf d'Schauspillerin vun engem Geescht verfollegt.

Kuriéis Geschicht: Dir hutt den neie Film op Netflix villäicht scho gesinn - "Eurovision" mam Will Ferrell a Rachel McAdams. E groussen Deel vun dësem Film gouf zu Edinburgh a Schottland gedréint. An do hu sech anscheinend grujeleg Saachen ofgespillt.

D’Schauspillerin Rachel McAdams huet dovun erzielt, datt si vun engem Geescht verfollegt gouf a gefaart huet si géif duerchdréinen. Wärend si eng Zeen gedréint hunn, huet hannert enger Fënster eng Fra, déi e Sonnebrëll unhat, net opgehalen si unzekucken.

De Will Ferrell huet d’Schauspillerin dorop opmierksam gemaach a gesot dëst wier de bekannte Geescht vun Edinburgh. Op engem aneren Dag hu si eng weider Zeen gedréint. Op eemol huet d’Rachel McAdams gesinn, datt d'Fra mat Sonnebrëll schonn erëm do war. D'McAdams huet ugefaangen ze panikéieren an déi aner gefrot op si de Geescht och gesinn hunn, ma do hat de Will Ferrel dunn awer endlech Matleed mat senger Schauspill-Kolleegin: Hie huet nämlech dohannert gestach.

Hie wollt e Witz maachen an hat dofir hier Make-Up Artist ugestallt sech wéi déi Dame ze verkleeden - déi si virun e puer Deeg gesinn haten - fir d’McAdams ze erschrecken. An dëst hat leider vill besser geklappt ewéi geplangt. Mee jo, wa mer gutt kucken, da gesi mer den ominéise Geescht jo eventuell am Film. A wie weess, dobäi fält eis da vläicht och op, datt d’Concertshal SSE Hydro, déi normalerweis zu Glasgow ass, am Film op eemol zu Edinburgh ze stoe schéngt. Tatsächlech kuriéis.

Lauschtert hei d'Reportage: 

Instagram: thekleinannie