Sief et den Hänn-Wäsch-Song, d’Masken-Lidd oder den Distanz-Track – wien hei mat trällert verbreet amplaz vum Virus e wichtege Message.

An den USA ginn d’Infektiounen duerch de Coronavirus aktuell an d’Luucht, den amerikanesche Präsident schéngt den Eescht vun der Lag nach net wierklech erkannt ze hunn a weigert sech eng Mask unzedoen. De Songwriter Tom McGovern probéiert géint dëst schlecht Virbild virzegoen an huet e witzege Song mat enger wichteger Noriicht erausbruecht. D’Lidd gouf 1000x ugeklickt a gedeelt a wie weess villäicht bleift wéinstens den Ouerewuerm bei de Masken-Géigner hänken.

Och an Europa goufe musikalesch Rappelle gemaach. Esou war et dem Philipp Dittberner zum Beispill wichteg iwwert déi Leit ze sangen, déi net doheem bleiwe wollte wéi genee dat wichteg war. Och d’Hamsteren huet en a sengem Lidd „Bleib für andere zuhause“ thematiséiert an dorop gepocht wéi essentiell Solidaritéit an Empathie grad elo ass.

Annenmaykantereit engagéiere sech fir e bessert Mateneen an hunn ënnert anerem och d’Pandemie besongen. Kuerz virdrun hat d’Band nämlech hire Song „Ausgehn“ released a well dat natierlech mat der aktueller Situatioun net openee passt, huet de Sänger Henning May den Text kuerzerhand geännert an d’Leit drun erënnert, dass se NET solle feiere goen. Danze kéint ee jo och eleng.

View this post on Instagram

#ichgehheutnichtmehrtanzen #leavenoonebehind

A post shared by AnnenMayKantereit (@annenmaykantereit) on

Manner artistesch war de musikaleschen Opruff vum Klaas a Stefanie Heinzmann, mee de Message ass definitiv eriwwerkomm. An der "Late Night Berlin"-Show huet d’Sängerin eng Uleedung dozou gesonge wéi ee seng Hänn richteg wäsche soll.

Ma da weess jo lo jidderee wat en ze maachen huet a wann net lauschtert iech d’Krisen Hits einfach nach emol un.