Bei Reeschaueren an Donnerwieder läit een am léifsten op der Couche an zitt sech e richteg gudde Film oder déi neisten Episod vun der Liblingsserie eran.

Netflix-Fanatiker hunn d'Hollywood-Produktioun sécher schonn op der Startsäit entdeckt: Zënter dësem Mount ass "The Wolf of Wall Street", de Biopic vum Martin Scorsese aus dem Joer 2013 mam Leonardo DiCaprio an der Haaptroll online. De Film baséiert um Bestseller vum Jordan Belfort, engem Broker un der Bourse, deen den amerikaneschen Dram liewe wëll, sech awer an enger korrupter Welt erëmfënnt, an där et nëmmen ëm Suen an nach méi Sue geet.

Nach e bësse gedëllege muss ee sech op den zweeten Deel vun der magescher Rei "Fantastic Beasts: The Crimes of Grindelwald" - dee soll Enn Juli an der Netflix-Bibliothéik ze fanne sinn. Nodeems den Newt Scamander alias Eddi Redmayne de Gellert Grindelwald alias Johnny Depp an de Prisong bruecht huet, ass deem d'Flucht gelongen. An als géif dat net duergoen huet den Zauberer vun der donkeler Säit nach méi Unhänger gewonnen, fir seng düster Pläng ëmzesetzen.

Jidderee huet schonn e Message geschéckt, dee besser hätt sollte weder geschriwwen nach geschéckt ginn – d'Welt geet dowéinst awer net ënner. Ma am Film "Desperados" ass genee dat de Fall: Eng peinlech Email soll nach geläscht ginn, éier den Empfänger se liest – an dee sëtzt a Mexiko. Also Koffer packen a lass! Wiem dat ze schnulzeg ass fir deen ass déi 2. Staffel vun "The Umbrella Academy" vläicht eppes: Hei gi 7 Kanner groussgezunn, déi misteriéis Fäegkeeten hunn.

D'Doku "Unsolved Mysteries" setzt op d'Hëllef vum Public: Ongekläerte Kriminalfäll an iwwernatierlech Begéinunge stinn am Mëttelpunkt. Famill a Frënn froen ëm Ënnerstëtzung an zielen, wat hinne passéiert ass. Matgewierkt hunn och d'Produzente vun der Kult-Serie "Stranger Things" - fir genuch Mystery ass also gesuergt. D'Geschichte vun den Hannerbliwwene provozéieren net just Faszinatioun, mee hannerloossen och e grousst Froenzeechen.

Donieft komme Mount fir Mount eng ganz Rëtsch weider Filmer, Serien an Dokumentatiounen online: