Zënter e Samschdeg herrscht nees e klengt Stéck Normalitéit hei zu London.

Restauranten, Baren a Kinoen dierfe – ënner strengen Oploen – endlech nees hier Dieren opmaachen. No iwwert 100 Deeg am Lockdown, sinn d’Londoner verständlecherweis bennzeg endlech nees op den Tour ze goen. Mee no e puer Deeg gesäit et schonn nees duerno aus, ewéi wann dat net laang gutt goe wäert.

Lauschtert hei de Reportage:

Verschidde Leit waren esou bennzeg op hiren éischte Pint zënter Enn Mäerz, dass se virun hirem Pub gecampt hunn fir déi éischt dobannen ze sinn esoubal d’Dieren op ginn. Et war also ze erwaarden, dass den Undrang grouss wäert sinn, an esou koum et dann och, dass verschidde Lokaler de Weekend iwwer vun der Police gezwonge goufen hier Dieren nees zouzemaachen, well einfach ze vill Leit dobanne waren. Am Londoner Szenevéierel Soho haten sech dann dausende Leit op de Stroosse versammelt en et war onméiglech e Sécherheetsofstand vun 1-2 Meter ze halen.

© pixabay.com

De Risiko ass also grouss, dass sech de Virus an esou Situatiounen séier nees verbreet. E Sonndeg huet déi brittesch Police dann och mat typesch dréchenem britteschen Humor annoncéiert, dass si elo offiziell bestätege kéint, dass Vollerten sech definitiv net un d’Reegelen an de Sécherheetsofstand hale géifen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter