Och wann et dobausse waarm ass, si vill Mënschen op den Auto ugewisen a mussen deementspriechend och reegelméisseg tanken. Mee opgepasst!

Bei décker Hëtzt sollt een drop verzichten den Auto voll ze tanken, well bei héijen Aussentemperaturen deenen sech Bensin an Diesel aus. Ass den Tank bis uewenhinner voll, kann sech de Kraaftstoff net weider ausdeenen an en dréit iwwerzelafen. Doduerch klëmmt de Brandrisiko. Entweecht de Sprit aus dem Tankdeckel kann et ausserdeem zu Lackschied kommen.

Lauschtert hei d'Erkläerung vum Fränk Maas vum ACL Diagnostic Center:

D'Tanksailen hunn zwar eng Ofschalt-Automatik, déi d'Iwwerlafe vum Tank verhënnere soll. Mee grad viru laange Vakanzentrajeten oder bei kuerzzäiteg niddrege Spritpräiser fëlle vill Automobilisten trotzdeem weider no. Wien ausserdeem een Ersazkanister u Bord huet, sollt drop oppassen, dass dësen och net bis uewen hin voll gefëllt ass.