Grouss a Kleng sinn ëmmer nees faszinéiert: d'Rauschen dat een héiert, wann een eng Muschel widdert d'Ouer dréckt. Mee wouhier kënnt dat?

Egal wou een ass: soubal een eng Muschel widdert d'Ouer hält, héiert een nees d'Dausche vum Mier. Also ee klengt Stéck Vakanz, dat ee ka mat heem huelen. Mee firwat héiere mer dat iwwerhaapt?

Lauschtert hei eran!

Ma wann der lo sot: Dat ass well mer eist eegent Blutt zirkuléieren héieren, da leit der leider falsch. Wann een einfach ee Mikro widdert esou eng Muschel hält dauscht et nach ëmmer. Dat Geräisch dat mer do héiere, kënnt weder vun eis nach vun der Muschel. Et entsteet duerch eist Ëmfeld, respektiv de Kaméidi an eisem Ëmfeld. Déi Geräischer schwéngen am banneschte vun der Muschel weider.

An dofir sinn et och net déi kleng flaach Muschelen déi rauschen. Hei gëllt et besser déi Muschelen ze lauschteren, déi vu Kriibsen a Schleeke bewunnt ginn. Déi sinn nämlech bannendra verdréint a kënne sou d'Schwingunge vun de Geräischer ronderëm eis ophuelen an an der Muschel hin- an hierschécken. Doduerch entsteet dann d'Rauschen. Wien sech elo virhëlt esou eng Muschel beim nächste Besuch op enger Plage ze fannen oder ze kafen, léisst dat awer besser sinn. Déi Muschele sinn nämlech ee wichtegen Liewensraum fir vill Déiercher. Dir hätt jo och net gäre wann een Iech äert Haus klaut!