De Summer an der Stad soll lieweg ginn. Dofir huet d'Stater Gemeng haut hire Programm fir de Summer doheem an déi alternativ Fouer virgestallt.

Eiser traditioneller Schueberfouer hu mer scho missen Eddi soen. Duerch déi aktuell Pandemie ass esou ee groussen Event, wou vill Leit sech begéinen einfach net méiglech.

Lauschtert hei eran!

Fir de Summer an der Stad e bësse méi ofwiesslungsräich ze gestalten, huet d'Stater Gemeng sech e puer Aktivitéiten ausgeduecht, mat engem bestëmmten Zil. An zwar geet et drëms d'Leit nees an d'Stad ze kréien, an dës no der Coronakris ze beliewen. Donieft wëll een och de Leit an deene verschiddene Stater Quartieren d'Méiglechkeet ginn zesumme mat hire Kanner ënnerwee ze sinn, an sech z'ameséieren. A fir dass méiglechst vill Leit dovu kënne profitéieren, sollen d'Attraktiounen och gratis sinn.

Ee gudden Deel vun den 72 Stänn wäerten effektiv gratis sinn, awer net all. Esou sinn d'Iess- a Gedrénksstänn net gratis, an och beim Intefëschen oder de Schéissbude muss eppes bezuelt ginn.
Och d'Riserad op der Kinnékswiss wäert net gratis sinn. Do kascht eng Ronn 6€, fir Kanner a Gruppen ab 4 Persounen ass d'Entrée nëmme 4 Euro. Dëst ass schonn ab dem 11. Juli op der Kinnekswiss, a wäert bis den 13. September och do stoe bleiwen.

An deene verschiddene Quartieren wäert also eng méi lass sinn. Fir sécher ze goen, dass d'Leit op dëse Plazen awer net ze vill gestéiert ginn, ginn et e puer Aschränkungen.
D'Spiller an d'Bude wäerte vu Mueres 11h00 bis Owes 22h00 op sinn. Duerno soll awer Schluss sinn, well ee sech nach ëmmer a Wunnquartieren ophält, an een dës zwar méi lieweg gestalte, awer och net d'Leit an hir Nuetsrou weider stéiere wëll. Dofir, dass dës Auerzäiten och agehale ginn, soll och Sécherheetspersonal suergen.

© Ville de Luxembourg

Fir Persounen ouni Kanner gëtt et awer och Programm. Esou gëtt nach eng Plage op der Theaterplaz opgeriicht. Dës ass och vum 11. Juli un bis den 13. September disponibel. An um Glacis gëtt et den Kino um Glacis - Drive-In & Walk-In. Do ass Plaz fir 130 Autoen, an et gi 27 Logen, wou pro Loge bis zu 4 Persoune kënne Plaz huelen. De Kino wäert vum 17. Juli bis den 1. August inclus all Owend ee Kinofilm weisen. Dorënner ginn et zwee méi speziell Owender: eemol de 27. Juli. Do ginn déi beschte Lëtzebuerger Kuerzfilmer gewisen. An den 30. Juli gëtt de Film "Le Gendarme de St. Tropez" gewisen. Fir deen Dag kommen dann och d'Oldtimer Frënn vu Lëtzebuerg mat hire Gefierer op de Glacis.

Eng wichteg Präzisioun gouf et awer nach vum Lydie Polfer: Op all de Site wäert keen Alkohol zerwéiert ginn.