Spillsaache vu fréier, Fotoe vu laang vergaangenen Zäiten, Krimskrams déi eis u bestëmmten Erliefnisser erënneren... Firwat si mir esou gären nostalgesch?

De Retrotrend ass net méi ze stoppen. Egal wou een hi geet, iwwerall kritt een Deko an Artikelen ze kafen, déi een un d'50 oder och d'60 erënneren. Mee net nëmmen d'50er sinn nees immens beléift. Och d'90er erliewen elo no 30 Joer ee richtegen Revival. Sief et mat Accessoire wéi dem Choker, Iesswueren, oder virun allem der Musek. Sou zimlech keen Hit ass sécher virun engem Remix. Mee firwat?

Eigentlech huet de Begrëff Nostalgie een immens negativen Ursprong. Am 17. Jorhonnert hat ee Schwäizer Dokter d'Nostalgie als Diagnos bei Zaldoten aus Friemelegiounen festgehalen. Des hunn oft no der Zäit doheem an ausserhalb vum Krich verlaangert. Deemools huet ee gemengt, dass d'Ursaach fir d'Nostalgie een Dämon wier. Dës Vue huet sech zwar no an no verännert, mee d'Nostalgie ass weiderhin als psychesch Krankheet behandelt ginn.

Mëttlerweil gëtt dëst Phenomeen anescht gekuckt. Dat och well ee festgestallt huet, dass nostalgesch Erënnerungen eng immens positiv Bedeitung kënnen hunn, an der Persoun hëllefe sech u Situatiounen a Momenter z'erënneren. Besonnesch wann d'Erënnerunge mat engem Verstuerwenen ze dinn hunn. Ausgeléist gëtt Nostalgie dacks duerch Geréch, Musek oder Géigestänn aus der Kandheet. Besonnesch wann ee sech eleng fillt, kann ee sech duerch Erënnerungen nees bewosst ginn, dass nach ëmmer Leit ronderëm existéieren, deene mer wichteg sinn. Nostalgie ass also gutt fir eis, an huet ee wichtegen a gesonde Notze fir eis mat eise Matmënschen an eiser Ëmwelt op een Neits ze verbannen.