Fir all 007 Fan gëtt en Dram Realitéit. Den Aston Martin DB5 aus dem Agentefilm gëtt nees gebaut an dat genau esou wéi et am Film de ''Q'' gemaach huet.

Lauschtert eran

Mëttlerweil ass et méi wéi 50 Joer hier, dass Aston Martin, d'Produktioun vum Modell DB5 agestallt huet. Ma genau dee loossen se elo gären nees operstoen. Witzeg ass hei, dass dat awer net esou wéi 1963 wäert de Fall sinn. Deemools konnt jiddereen dee Geld hat sech den Auto kafen. Dat ass elo net méi de Fall. Den Aston Martin gëtt nämlech elo genau esou gebaut, wéi en 1964 am James Bond ''Goldfinger'' ze gesi war.

De Waffemeeschter ''Q'' aus de Filmer, war jo dofir bekannt speziell Gadgeten an den Auto anzebauen, déi dem Bond hëllefe solle seng Géigner während dem Fuere lass ze ginn. Dozou zielt zum Beispill e Nummereschëld dat sech dréint, e Maschinnegewier , Dampgranaten, e Radarbildschierm an esouguer e Schleidersëtz. Genau esou Saache ginn an d'Neioplaach vum Aston Martin DB5 agebaut. Natierlech handelt et sech dobäi just ëm Attrappen an den Auto ass deemno och net fir d'Strooss zougelooss.

Gebaut gëtt déi riseg Spillsaach nëmme 25 Mol a vir all eenzelen Auto rechnen d'Britte mat ronn 4500 Aarbechtsstonnen an dat loosse sech och gutt bezuelen. Gutt 2,75 Millioune Pond, also 3,05 Milliounen Euro soll dee risege Matchboxauto kaschten. Dobäi ass deen Auto awer méi bëlleg, wéi den originalen Auto aus dem Film, deen 2019 fir bal 6 Milliounen Euro versteet ginn ass.

Also op wat waart der? Wann der 3 Milliounen Euro ze vill hutt a Loscht hutt iech en Auto ze kafen dee just als Stëpsfänkert ze gebrauchen ass, da kënnt der är Commande elo ofginn.