Virun der Kamera stëmmt d'Chemie. Dass dat awer net ëmmer de Fall ass wa net gefilmt gëtt, beweisen ënnert anerem déi heite Stars:

Lauschtert hei eran!


Sarah Jessica Parker VS Kim Cattrall

Se ware jorelaang bescht Frëndinnen. Als Carrie a Samantha hu se eis dacks zum Laache bruecht, a sinn a 6 Staffelen an 2 Filmer duerch déck an dënn gaangen. Awer och nëmme bis d'Kameraen aus waren. Privat sinn déi zwou Schauspillerinnen nämlech absolut net eens ginn. Den drëtten Sex And The City Film ass och aus dem Grond ni zustane komm. Dem Cattrall no soll d'Sarah Jessica Parker einfach just eng fuerchtbar Persoun sinn op déi hatt keng Loscht méi hat.

Shannen Doherty VS Alyssa Milano

Bei Charmed war nach laang net alles harmonesch an "charming" tëscht deenen 3 Hexeschwësteren. Besonnesch d'Shannen Doherty an d'Alyssa Milano si guer net laanschtenee komm. De Studio huet souguer probéiert mat engem Mediateur de Problem ze léisen. Schlussendlech misst dem Shannen säi Personnage d'Prue stierwen.

Dwayne Johnson VS Vin Diesel

Béid hu se Muskelen a spillen an der riseger Franchise Fast and the Furious mat. A se sinn allen zwee richteg Diven. Esou souz de Vin Diesel zum Beispill a sengem Trailer um Set vum Film, an den Dwayne Johnson huet dierfe waarden. D'Differenzen tëscht deene zwee sinn och de Grond wisou et keng Zeene vun hinnen zesummen am Film The Fate of the Furious ginn.