D'Vertrauen ass d'Basis vun all Bezéiung. Wann dat gebrach gëtt, geet een normalerweis auserneen. Ma wéi eng Leit sinn am meeschten ufälleg bedrunn ze ginn

Lauschtert eran

Wann de Partner friem geet, da freet ee sech natierlech direkt wisou, dass dee jéineschen dat gemaach huet, ob et un engem selwer läit, ob en aneren am Spill ass. Also froen iwwer Froe schéissen engem duerch de Kapp.

Genau esou Froen, huet sech och d'Psychologin Meghna Mahambrey vun der Ohio State University gestallt. An enger Etüd huet d'Wëssenschaftlerin eraus fonnt, dass Mënschen, deenen hire Partner an der Vergaangenheet friem gaangen ass, änlech Charakterzich opweisen.

An engem Perséinlechkeetstest huet sech séier erausgestallt, dass déi Persounen, déi bedru goufen, sech selwer als Chaotesch an onzouverlässeg beschreiwen. Natierlech dierf een dat elo net falsch verstoen. De Charakterzuch eleng bréngt deen aneren natierlech net dozou friem ze goen. Wat hei awer eventuell ka passéieren ass, dass dat chaotescht Wiese vun enger Persoun dozou féiert, de Partner an der Bezéiung ze veronsécheren, wat eventuell zu affaire féiere kann.

De Géigendeel gëllt natierlech och. Wann een an der Koppel d'Gefill huet sech op de Partner verloossen ze kënnen, gëtt een dat éischter zeréck an d'vertraue gëtt net mëssbraucht.

Wann der also e chaotesche Personnage sidd, dann ass dat nach kee Grond ze panikéieren. Gitt ärem Léifsten einfach d'Gefill, dass e sech op iech verloosse kann, dann ass d'Warscheinlechkeet bedrunn ze ginn, scho vill méi kleng.