D'Fans vun absurden oder mysteriéise Mordfäll kommen nees op hir Käschten. Des Kéier mat der Geschicht vum Candy Montgomery.

D'Schauspillerin Elisabeth Moss huet scho bei Erfollegsserien wéi The West Wing, Mad Men oder aktuell och The Handmade's Tale matgemaach. Elo kënnt eppes Neies.

Lauschtert hei eran!

Ugefaangen huet dem Elisabeth Moss seng grouss Karriär mat enger Roll an der Serie "The West Wing - Im Zentrum der Macht". An dëser Serie begleet een de fiktiven US-President Josiah Bartlet duerch seng Zäit als mächtegste Mann vun Amerika. Do huet d'Elisabeth Moss d'Roll vum d'Zoey Bartlet iwwerholl, also der Duechter vum US-Präsident.

Aktuell gesäit een d'Elisabeth Moss awer an der Serie "The Handmade's Tale - Der Report der Magd", fir déi d'Schauspillerin och schonn zwee Emmys gewonnen huet. Do spillt et d'Roll vum June Osford, an ass eigentlech d'Heldin vun der Serie.

Ma an der neier Serie "Candy" beweegt d'Schauspillerin sech awer op neien Terrain. Des Kéier ass d'Elisabeth nämlech éischter eng Antiheldin. D'Geschicht spillt an Texas vun den 80er Joren. Do wunnt d'Candy Montgomery. Eng der éischter Impressioun no komplett normal Fra a Mamm. Dobäi ass d'Candy och nach ganz aktiv an der Kierch. Alles geet eigentlech säi gewinnte Wee, bis een enges Daags d'Läich vu senger Frëndin, dem Betty Gore fënnt. D'Betty war awer net einfach just gestuerwen, mee mat Hëllef vun enger Aaxt brutal ermort an zerstéckelt ginn. Ma séier gëtt den Enquêteure bewosst, dass d'Candy dat war, dat d'Betty ëmbruecht huet.

Des nei Serie wäert d'Elisabeth Moss ausserdeem nees mat der Dréibuchschrëftstellerin Robin Veith zesummebréngen. Déi zwee hu scho fir d'Serie "Mad Men" zesummegeschafft. Donieft wäerten eng ganz Partie Leit dobäi sinn, déi schonn d'Mini-Series "The Act" zum Erfolleg bruecht hunn.