Wärend déi eng sech dobäi ganz clever ustellen, gläicht et bei anere méi enger Zirkusnummer. Ma wéi eng verschidden Aarten ze flirte ginn et?

Lauschtert eran

An der Welt vun der Léift an der Bezéiung ginn et 2 Gruppe vu Mënschen. Eng Kéier déi Persounen déi hire Partner vum Liewe scho fonnt hunn an op der anerer Säit sinn dann d'Singelen. Mënschen, déi nach op der Sich no hirem Gléck sinn.

Et gëtt jo ëmmer gesot, dass all Dëppe säin Deckel fënnt. Ma dat eent oder anert Dëppe brauch ebe bësse méi laang fir de passenden Deckel ze fannen. Wärend een dann um grousse Marché op der Juegd ass, huet och jidderee seng eegen Taktik.

Do differenzéiere mer eigentlech tëscht 2 verschidde Flirt-Typen.

Den Traditionellen

Den Traditionellen ass Fan vun der aler Schoul. Schick, charmant a léist alles lues ugoen. E geet dovunner aus, dass ëmmer de Mann den éischte Schratt mécht a léisst sech beim Schreiwe mat sengem Schwarm gutt Zäit.

De Physeschen

Déi Persoun ass méi oppen a léisst sech séier op nei Bezéiungen an, well se vill um sexuellen interesséiert ass. De Spaass steet am Fokus esou, dass tëscht dem Schreiwen an dem éischten Date net vill Zäit vergeet.

Dir gesitt, net all Mënsch ass nämmlecht am Flirten. Jidderee mécht et esou wéi e senger Meenung no am Glécklechsten ass. Wichteg ass hei just opzepassen, dass ee kee verletzt a dee Géigeniwwer respektéiert.