Sief online mat dobäi a setz een Zeeche géint Diskriminéierung a fir Diversitéit!

D'Chamber a verschidde Gemenge liichten a Reeboufaarwen, dat bedeit et ass nees Zäit fir d'Luxembourg Pride. Fréier huet dës Gaymat geheescht, ma well d'Wuertspill net fir jidderee verständlech war an och net jidderengem gerecht ginn ass, ass doraus d'Luxembourg Pride ginn. Een Event dat fir d’Inclusioun vun alle Minoritéiten ënnert dem Reebou steet an dëst Joer an déi 21. Editioun geet. Dat alljärlecht Motto gëtt normalerweis duerch e Concours decidéiert, dëst Joer koum awer alles anescht.

Duerch d'Kris ass den Organisateuren opgefall, wéi vill Leit sech eleng fillen, sief et eeler Mënschen awer och Jonker. Virun allem bei Memberen aus der LGBTIQ-Community, déi sech an engem Outing befannen a villäicht mat homophobe Familjememberen ze kämpfen hunn, erliewen eng speziell Zort vun Isolatioun. Dofir gouf sech séier decidéiert d'Motto op déi aktuell Situation unzepassen an en Zeechen ze setzen. "Du bass net alleng" zitt sech deemno duerch all d'Evenementer vun der Luxembourg Pride 2020.

Ma net just d'Auswiel vum Motto ass dëst Joer anescht ofgelaf, och d'Pride selwer huet duerch déi aktuell Situatioun missen ëmorganiséiert ginn, an dat zimmlech kuerzfristeg. Eigentlech stoung vun der Organisatioun hier souwäit alles an du koum d'Pandemie. Ma amplaz de ganze Programm ofzesoen, gouf d'Konzept séier an eng digital Versioun ëmgewandelt.

An dat kënnt bei der Community gutt un, zanter Ufank der Woch kënnen d'Leit bei de verschiddenen Aktiounen a Livestreams dobäi sinn. Sief et bei der Commemoration Ceremony, Queer Movie Night, Diva Storytelling oder Panel Discussion. De Sonndeg kann een zum Beispill beim Drag Bingo matspillen. D'Iddi hannendrun ass zwar de Bingo, dee mer alleguer kennen - ma hei gëtt d'Spill vun enger Drag Queen moderéiert an deemno wäert et net just d'Ofliese vun den Zuele si mee och nach ënnerluecht mat vill Witz, freche Kommentaren an och e bësse Show. Iwwer Facebook oder OUT-TV kann een hei matmaachen oder einfach nokucken.

Nieft esou Aktivitéite kann ee sech och solidaresch weisen, dëst Joer dann net um gewinnten Equality March mee an der digitaler Versioun dovun. E ganze Mount laang gouf den Opruff gemaach fir Videoen a Fotoen eranzeschécken, dës ginn zesumme geschnidden an de Samschdeg vu 14 Auer un um Livestream wärend der Luxembourg Online Pride presentéiert.

Den Ofschloss dovu mécht dann d’Bambi Mercury mat engem DJ Set - d’Drag Queen hätt vu sech aus ugebueden hiren Optrëtt wéinst der Pandemie net ze cancelle mee einfach digital ze maachen. A genee esou kënnt och dir nach Deel dovu sinn, nämlech online! Mam Hashtag #dubassnetalleng ka jidderee seng Experienz deelen an domat Solidaritéit a Pride weisen. An e puer Caféë ginn och Public Viewings ugebueden, dat natierlech ënnert de virgeschriwwene Mesuren a soss kann een dat Ganzt online suivéieren.

Lauschtert hei den Interview mam Andy Maar

De ganze Programm an d'Infoe fannt dir hei a méi iwwert déi eenzel Events gëtt et um Facebook Site vu Luxembourg Pride.