Just well ee Film och effektiv gedréint gëtt, heescht dat net, dass en och gutt ass. Wéi zum Beispill dës Filmer:

1. Naked

De Marlon Wayans ass engem villäicht nach bekannt aus Filmer wéi Scary Movie oder White Chicks. Dohier weess ee jo, dass ee sech beim Schauspiller net onbedéngt immens déifgrënneg oder seriö Handlungen erwaart an engem Film. Ma de Film Naked huet awer guer net konnten iwwerzeegen. Do erwächt de Rob plakeg an engem Lift. Eng Stonn ier en sech sollt bestueden. Wéi d'Kierchenauer schléit, an hien grad an Handschellen ofgefouert gëtt, erwächt en op eemol nees am Lift. Een Time-Loop Film mat engem Happy-End. Kënnt engem och schonn iergendwéi bekannt fir, an huet do och kee wierklech vum Hocker gerappt.

2. Open House

Ee weidere Film deen de Feeler gemaach huet, eigentlech näischt Neies z'erzielen. Eng Mamm an hire Jong brauchen een Tapéitewiessel. Wat ass do besser wéi ee Chalet an de Bierger, ëmgi vu quasi 0 Zivilisatioun, a ville Beem? Natierlech all aner Plaz! Well do an deem Haus, gi se no an no vu enger onbekannter Persoun terroriséiert. An natierlech hu se keng Sue fir enzwousch anescht hin. Dofir geet dat ganzt natierlech richteg schif aus.

Lauschtert hei eran!

3. The Last Thing He Wanted

Mat engem Cast wéi dem Anne Hathaway, Ben Affleck a Willem Dafoe kann näischt schif goen. Oder? Anscheinend dach, wann eesech d'Drama "The Last Thing He Wanted" ukuckt. Eng Journalistin hält mat hirem Job op, a wëll sech em hire Papp këmmeren deen an Zentral-Amerika lieft an do Waffe verkeeft. D'Duechter "ierft" des Plaz als Waffenhändler, a gëtt an d'Iran-Kontra-Affär eragezunn. Eigentlech och eng interessant Geschicht, déi duerch ze vill an onwichteg Charakteren a Rätselen awer immens komplizéiert gëtt, an een einfach just de Fuedem verléiert.