Et gi vill Mythen, Traditiounen an Tipps fir déi ideal Hochzäit ze feieren. Een dovu seet, et soll een net am Juli "Jo" soen. Stëmmt dat?

Léift kennt keng Zäiten a keng Grenzen! Oder dach? Kéint ee scho menge, wann een dëst aalt Spréchwuert kuckt:
"Those who in July do wed, must labour for their daily bread"
Dat heescht eigentlech, dass Leit déi sech am Juli bestueden och haart fir d'Bestietnes schaffe mussen. Deemno soll et bei Koppelen déi sech am Juli fir ëmmer banne wollten, och vill méi dacks kraache wéi bei aneren. Mee wouhier kënnt dee Sproch iwwerhaapt, a ginn et Beweiser dofir?

Nee déi ginn et net wierklech. Et ass einfach een Awerglawen deen sech iwwert laang Zäit besonnesch an den USA festgesat huet. De ganz geneeën Ursprong fir dëse Sproch ass nämlech net bekannt, an och firwat et grad am Juli net gutt soll sinn sech ze bestueden ass net ganz kloer.

Méi "logesch" schéngt do d'Erklärung firwat de Mee dee schlechtste Mount ass sech ze bestueden. Fir dee Mount gëtt et dee schéine Sproch: “Marry in the month of May, you will surely rue the day.” Bedeit eigentlech: bestuet dech am Mee, an du verfluchs deen Dag ganz sécher. Fir dësen Awerglawen sollen déi al Réimer mat verantwortlech sinn. Deemools gouf am Mee nämlech Lumeria gefeiert, een Fest vun den Doudegen an dem Traueren.

Lauschtert hei eran!

An dee "perfekte" Mount fir sech virun den Altor ze trauen? Dat wier de Mount Juni. Dësen heescht wéinst der Göttin Juno esou. An dat war ëmmerhin d'Göttin vum Mariage!