Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder

Sugababes - Denial

D'Widdere mussen des Woch der Wourecht an d'A kucken. D'Taktik vum Kapp an de Sand stieche klappt net méi.

Stéier

Kane Brown, Swae Lee, Khalid - Be Like That

Heiansdo kann een zwar gutt mateneen, mee villäicht wier et nach besser eleng? Mat der Fro kämpfen d'Stéieren des Woch.

Zwilling

Katy Perry - Smile

Bei den Zwillinge leeft alles grad richteg gutt. Dofir läit zu all Zäit ee Laachen op hire Lëpsen. Dat bréngt gutt Laun eran!

Kriibs

Conkara ft Shaggy - Banana

Bei de Kriibsen dréint sech des Woch alles ëm de Spaass am Liewen. Op kleng oder grouss Amusementer, haaptsaach de Serotonin klëmmt.

Léiw

EBEN - The Kids Are Alright

Et gi souvill Saachen iwwert déi mer eis Suerge maache mussen. D'Léiwe ginn awer optimistesch un d'Problemer erun, a siche weider no Léisunge bis se eng fonnt hunn.

Jongfra

Crazy Town - Butterfly

Wann ee klenge Päiperlek ee Stuerm kann ausléisen, musse mer eis an deenen nächste Woche gutt festhalen. D'Jongfrae stiechen nämlech voller Energie, déi se och erausloossen.

Wo

Mando Diao - Long Before Rock'n Roll

Et gouf Zäiten, do gouf et mol kee Rock. Dofir sinn d'Woen des Woch einfach just dankbar a glécklech iwwert alles wat op se waart, amplaz an der Vergaangenheet ze bleiwen.

Skorpioun

BAHA MEN - Who let the Dogs out

D'Skorpiounen trauen der Saach net sou ganz, a bleiwen des Woch léiwer bei sech doheem. Do wëssen se wéinstens wéi eng Hënn billen.

Schütze

Ellie Goulding & Lauv - Slow Grenade

Heiansdo spiert ee wéi d'Donnerwieder méi no kënnt, an et kann een näischt dogéint maachen. D'Schützen doen sech also besser wiederfest un des Woch.

Steebock

Peter Fox - Alles Neu

Eppes Neies. Oder einfach alles Nei? De Steebéck geet et duer mat hirem Alldagstrott. Ofwiesslung muss hier!

Waassermann

Blackbear - Queen of Broken Hearts

Ee gebrachent Häerz ass ni schéin. Bei de Waassermänner deet et des Kéier awer besonnesch wéi. Loosst iech net hänken, et kommen nees besser Zäiten

Fësch

Quinn XCII ft Marc E. Bassy - Coffee

D'Fësch waarden op eng Äntwert, déi ee groussen Impakt op hiert Liewen huet. Des Woch kritt der endlech den Ofschloss.