Fir d’Toreroe bedeit et d’Aarbechtslosegkeet, fir d’Déiereschützer ass et e klengen Erfolleg.

Esou roueg wéi et aktuell am nordspuenesche Pamplona ass, war et scho laang net méi. Fir déi éischte Kéier zanter 100 Joer gouf d'Event am Juli, bei deem Stéieren duerch d'Stad gedriwwe ginn ofgesot. Corona huet also dat fäerdeg bruecht wat Déiereschützer scho jorelaang mat Protester probéieren ze bewierken: d'Ofso vun engem brutale Spektakel, dat honnertdausend Visiteuren aus dem Ausland an aus Spuenie selwer unzitt.

Ma net just zu Pamplona fält de Stéierkampf dëst Joer aus, och zu Madrid, Sevilla oder Valencia sinn d'Toreroen den Ament ouni Aarbecht. Eréischt am Laf vum Juli solle verschidden Arenaen nees opgoen, dann awer mat limitéiertem Public.

Do hannen nennt een et Traditioun, ma fir d'Stéieren ass et virun allem eng Qual. Méi wéi dausend rout-wäiss gekleete Männer lafe virun, nieft an hannert den Déieren an dréiwe se duerch d'Alstad bis an d'Stéierkampfarena. Dobäi fléisst net just Schweess an Alkohol mee och Blutt, souwuel dat vun de Stéiere wéi och Mënschen. Zanter 1910 si mindestens 16 Mënschen duerch dëst Stéierdreiwen ëm d'Liewe komm - fir d'Déiere selwer, an der Reegel 48, geet dat Ganz ëmmer déidlech op en Enn. Déiereschützer behaapte sech dowéinst och drop, dass dat Event keng Kultur ass mee einfach nëmmen Tortur a gesinn an de rezenten Entwécklungen eng Chance.

Et hätt een d'Hoffnung, dass elo, wou déi éischte Kéier zanter 100 Joer e Stopp ageluecht gëtt, villäicht iwwer d'Konzept nogeduecht gëtt. Ma och wann eng Petitioun un de Buergermeeschter gemaach gouf fir de Stéierkampf an Zukunft duerch aner Aktivitéiten ze ersetzen, bei deene keng Déieren drënner leide mussen, huet dëse kloer gemaach, dass dëst Joer eng Ausnam bleiwe géif. D'nächst Joer sollen, wa Corona sou wëll, d'Steieren nees duerch Pamplona galoppéieren.

Kuckt ee sech d'Zuele vun de Stéierkämpf un, déi kontinuéierlech erofginn a wann ee bedenkt, dass enger Ëmfro no dat Spektakel eigentlech just nach bei de méi ale Spuenier Zoustëmmung fënnt, kann ee just hoffen, dass en Ëmdenke virun der Dier steet. Dass d'Toreroen sech dann eng aner Aarbecht musse sichen ass hei wuel de klengsten Iwwel.