TikTok ass verantwortlech fir Trends, déi verschidde Leit nees opliewe loossen a gläichzäiteg léisst d’Plattform och negativ Kritik aus.

Lauschtert eran

Den Internet, wéi mer en haut kennen, ass mëttlerweil ronn 20 Joer al. De World Wide Web ass Enn August 1991 gestart an deen notzen zu eiser Zäit méi wéi eng Milliard Mënsche fir am Internet ze surfen.

Dat bréngt natierlech eng riseg Entwécklung mat sech, wéi zum Beispill sozial Medie wéi TikTok. Eng Videoplattform déi et fäerdeg bréngt, mat Hëllef vun den User, al Trends nees opliewen ze loossen. Esou zum Beispill, déi al Rullschong. An den 80er war et net aussergewéinlech op de Rullen duerch d’Discoen ze danzen. Deen Hype ass awer bemol an de Vergiess geroden. Mee d’Ana Coto huet d'Rullschong op TikTok nees opliewe gelooss. Déi selwer ernannte Rollerskating-Queen mécht Videoen, wéi se op de Rullschong duerch d’Stroossen danzt a mëttlerweil sprange ganz vill Leit op den Zuch vun dem Trend op.

An och ''Highschool Musical'' erlieft e Comeback op TikTok. D’Leit stellen déi dramatesch Zeen tëscht dem Troy an dem Gabrielle no, wéi hat sech decidéiert den Troy ze verloossen.

Ma et ass net alles Gold wat blénkt, well vill Videoe kommen net esou gutt u wéi ee mengt. Bei der ''Kulikitaka'' Challenge geet et zum Beispill drëms Kéi ze erschrecken. Dës Aktioun gëtt staark kritiséiert well een d’Déieren domat ënnert Stress setzt an ee sech selwer kann a Gefor bréngen, virun allem wann d’Kou hire Nowuess wëll verdeedegen.

Wéi der gesitt huet d'Medail vun TikTok och 2 Säiten an och déi sozial Plattform ass mat Virsiicht ze genéissen.