"We care" - mat dësem Motto beweisen 9 Schüler, dass hinnen d'Ëmwelt um Häerze läit.

Engem Produit, dee fort geheit soll ginn net just een neit Liewe mee direkt e puer Liewe schenken, dat ass d'Zil vun 9 Schüler aus dem Lycée Michel Lucius. D'Mini-Entreprise Kärepabeier recycléiert Pabeier aus Schoulen, dee sollt wechgeheit ginn a mécht doraus Blieder, Hefter, Visittekaarten an Themenkaarten mat Kären dertëscht.

Wien zum Beispill eng Gebuertsdagskaart oder Änleches brauch ka sech bei de Schüler mellen, déi dës ëmweltfrëndlech Produiten doheem kreéieren. Heivir gëtt eng hëlze Rumm mat engem réngen Netz gebraucht an da ginn déi zerschnidde Stécker Pabeier mat Waasser gemëscht a mat der Rumm opgefaangen. Fir ee Blat brauchen d'Schüler ronn 5 Minutten, fir den neiste Produit, e ganzt Heft, ass den Opwand allerdéngs vill méi grouss. Doduerch, dass d'Blieder bis zu eng Woch dréchne mussen, hätte se fir e puer Hefter bis zu engem Mount gebraucht.

Esou wéi den Opwand variéieren och d'Präisser: Eng Visittekaart kascht zum Beispill 50 Cent, bestellt een der vill kann een awer kucke fir eng Reduktioun ze kréien. Een DIN A4 Blat läit bei 1 Euro an en DIN A5 Blat tëscht 1.50 an 2 Euro, jee nodeem wat nach vu Motiver drop gedréckt ginn. Ma et bezilt een och net just fir e Blat, eng Kart oder en Heft - net ze vergiessen sinn d'Kären déi sech am Pabeier befannen.

Dës kann een nämlech an de Buedem leeën an deemno wéi wiisst doraus esouguer eng Planz. Wien also eng Kaart verschenkt, verschenkt direkt eng potentiell Planz mat. A fir dass d'Leit och net di komplett Kaart mussen aus den Hänn gi kommen d'Käre just op eng Säit, deen Eck kann een dann erofrappen an aplanzen. Esou huet een dem ale Pabeier net just en zweet, mee direkt en drëtt Liewe geschenkt.

Der Mini-Entreprise hire Motto "we care" oder och #wekär spigelt deemno erëm wat de Schüler bei hirem Konzept wierklech wichteg ass: Op méi ëmweltfrëndlech Alternative wéi recycling oder upcycling setzen an doduerch den Offall vu Pabeier an de Schoule reduzéieren an, dass d'Ofholze vun de Bëscher manner gëtt.

De Philippe a Stephane vu "Kärepabeier" am Eldo Interview

Méi iwwert d'Mini-Entreprise Kärepabeier an all hir Produite fannt dir hei.