An der gréng-wäisser Schuel stécht nämlech vill méi wéi ee villäicht mengt...

Lauschtert hei eran!

Virun allem am Summer ass d'Waassermeloun jo e beléifte Snack. Dat rout Fleesch schmaacht net nëmme lecker mee ass och voll mat gesonde Vitaminnen. Wat ville Leit awer villäicht net bewosst ass, ass dat een d'Schuel vun der Waassermeloun guer net muss ewechgeheien. Genau wéi d'Käre kann een d'Schuel nämlech iessen. Dës enthält vill wichteg Närstoffer déi de Kierper ënnert anerem beim Muskelopbau ënnerstëtzen, zu enger verbesserter Duerchbluddung bäidroen a souguer de Stoffwiessel kënnen ureegen.

Wien sech elo freet wéi een d'Schuel dann am beschten iesse kann, hei e puer Tipps: Et kann een se beispillsweis an de Mixer werfe fir an engem Smoothie ze verschaffen. Et kann een se awer och einfach zerreiwen a bei eng Zalot bäiginn. An den USA sinn dann och ageluechten oder kandéiert Schuele vun der Waassermeloun immens beléift.

Et gëtt dann och een Trick fir ze erkennen op eng Waassermeloun zeideg ass. Et heescht hei op d'Optik opzepassen. Eng donkel Schuel déi net méi glänzt ass generell ee gudden Indice dorop, dass d'Fruucht zeideg ass. Wien da léiwer eng séiss Waassermeloun ësst, dee sicht am beschten no enger ronner, gläichméisseger Form, där hier Schuel dann och kleng Rëss an Narben opweist. Ëmsou méi se där nämlech huet, ëmsou méi séiss ass se. Eng wässereg Waassermeloun huet dann am Géigesaz éischter eng oval Form. Eng Waassermeloun mat engem intensive Goût erkennt een duerch ee ronnen orange Fleck op der Schuel. Wann dëse Fleck allerdéngs wäiss ass, weist dat éischter dorop hin dass se net vill Goût huet.