D'Zil vum "Flash-Covid" ass et ënnert anerem de Verlaf vun den Infektiounen besser z'erklären.

Vum 29. Juni bis de 5. Juli goufen et hei zu Lëtzebuerg 289 Neiinfektiounen. Dovu goufen 12% iwwert de Large-Scale-Testing erfaasst. Weider 62% sinn symptomatesch Positiver, a goufe vun Dokteren an den Test geschéckt.

Lauschtert hei eran!

D'Ministesch Paulette Lenert huet och een éischte Bilan konnte ginn, wou d'Infektiounen hierkommen. Deemno géif de Gros vun den Infektiounen aus dem private Beräich stamen. Dat heescht, dass d'Leit net am Restaurant oder soss am ëffentleche Raum mam Virus a Kontakt koumen. Donieft präziséiert d'Ministesch, dass dëst awer och keng grouss Partye waren, mee éischter kleng Rassemblementer vu Famillen oder Frënn.

Et kéint een och elo net soen, dass sech verschidden Altersgruppen oder Nationalitéiten sech éischter géifen infizéieren. D'Infektiounen wiere souwuel bei Lëtzebuerger wéi och Net-Lëtzebuerger geklommen. An och wa méi Jonker infizéiert wieren wéi et soss de Fall war, wier et och net richteg hinnen d'Schold ze ginn. Et wier einfach generell wichteg, fir jiddereen, sech un d'Sécherheetsmoossnamen an déi sougenannten "Geste barrière" ze halen.

Den Direkter vum Statec, den Dr. Serge Allegrezza, huet och erkläert, firwat den Austausch tëscht dem STATEC an dem Gesondheetsministère esou wichteg ass. Esou zum Beispill, well de sougenannten "Taux de reproduction" den Ament och fir eis Wirtschaft immens ass. "Et ass dësen Taux dee bestëmmt, wéi d'Profil vun der Wirtschaft wäert ausgesinn" an: "D'Entwécklung vum Taux de reproduction ass op mannst esou wichteg wéi d'Entwécklung vun der Bourse".

A fir dës Entwécklung goufen och schonn zwee Modeller ausgeschafft. "Mir hunn zwee Zenarien: ee Schlëmmen, an ee ganz Schlëmmen." Deen zweeten Zenario kéint da Realitéit gi wann d'Zuele weider klammen an een nees méi streng Mesure misst aféieren, ewéi zum Beispill d'Limitatioune vun de Beweegungen.

Et geet een awer den Ament dovun aus, dass deen Éischte géif zoutreffen. Dofir koum och nach eemol den Opruff vun der Ministesch fir opzepassen. Nëmmen andeems ee sech drun hält seng Mask unzedoen, d'Gestes barrièren applizéiert, a virun allem den Échange mat anere Persounen limitéiert, do wou déi zwee Meter Distanz net kënnen agehale ginn.