Esou zimmlech all Museksfestival hei a Groussbritannien an an Europa goufe jo an de leschte Méint ofgesot.

Mee ee weltbekannte Festival hei an de brittescher Haaptstad léist sech och net vum Coronavirus ënnerkréien, nämlech d’BBC Proms. Och d’Editioun vun dësem Joer ass, wann och a liicht anerer Form wéi gewinnt. Um Radio, op der Télé an am Internet kann een dann vun e Freideg un all Dag klassesch Musek vu Weltklass genéissen, dorënner och Highlights aus dem Archiv.

Lauschtert hei de Reportage:

Normalerweis ass de Festival jo exklusiv an der ausverkaafter Royal Albert Hall. Mee trotz der Kris ginn et vum 28. August u Concerten aus der Royal Albert Hall déi da live am Internet a Radio iwwerdroe ginn just eben ouni Public. Dozou gehéiert och déi weltberüümten Last Night of the Proms den 12. September. Normalerweis ass et bal onméiglech un Tickete fir den Ofschlossconcert ze kommen. Mee dëst Joer kann een dëse bequem vun doheem aus genéissen.

© pixabay.com

D’Britten sinn iwwerdeems frou dass, nodeems schonn aner Summertraditiounen ewéi Wimbledon oder Glastonbury ofgesot goufen, ëmmerhin d’BBC Proms sinn, virun allem well et dëst Joer den 125 Anniversaire vum Museksfestival ass.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter