Et ass einfach onfair: déi eng gi vun den nervege Bluttsëffer gefriess, an anerer ginn ni gepickt. Mee wéi siche sech Mustiken hir Affer eraus?

Am Summer gi se nees aktiv: d'Mustiken. An fir déi eng gëtt et effektiv eng batter Zäit, well se quasi zum Buffet fir déi kleng Bluttsëffer ginn. Mee ass dat nëmmen Zoufall, oder hunn d'Mustiken wierklech Präferenzen?
Anscheinend schonn! Wann een oder e puer vun dëse Krittären op Iech zoutreffen, sinn d'Chance grouss, dass der ee beléift Affer sidd.

Lauschtert hei eran!

1. Grouss Leit

Wie grouss ass, riskéiert méi gepickt ze ginn. De Grond dofir ass de Kuelendioxid, dee mer beim Ausootme produzéieren. Wat een dees méi ausstéisst, wat ee méi lecker gëtt fir d'Mustiken. Dofir ginn och schwanger Fraen gäre méi heefeg gepickt.

2. Sportler

Sport ass sécher fir vill Saache gutt, awer net wann et drëms geet Mustike lasszeginn. Wie vill Sport mécht, produzéiert méi Mëllechsaier. Déi trëtt zesumme mam Schweess aus, a léisst sech dann op der Haut néier. Déi fannen déi kleng pickeg Déieren awer richteg gutt, a ginn dovun ugelackelt.

3. Béier-Fans

Jo dee léiwe Béier. Och wann esou ee kalen Humpen am Summer sécher emol gutt kënnt, huet ee besser es net esou vill ze drénke. Besonnesch dann wann een net wëll als Haaptplat an Dessert vun deene klenge Plogeeschter dénge wëll.

4. Bluttgrupp

Dacks krut ee gesot, dass séisst Blutt d'Mustiken unzitt. Dass dat awer Kabes ass, wësse mer jo mëttlerweil. Mee eis Bluttgrupp kann awer een Afloss hunn. Enger Etüd no solle Persoune mat der Bluttgrupp 0 direkt duebel esou dacks gepickt ginn wéi Leit mat der Bluttgrupp A. Déi mat der Bluttgrupp B leien do dertëscht. Dës Reegel gëllt awer net bei jidderengem! Well: 85% vun de Mënschen produzéiere chemesch Stoffer, déi de Mustiken "matdeelen", wéi eng Bluttgrupp een huet. An déi aner 15%? Déi haten einfach Chance, a mutéieren net zur Zapsail.