Mer hunn alleguer Ticks, deen ee méi, deen anere Manner an dat fänkt scho mueres un.

Lauschtert eran

Dir leet iech an d'Bett, stellt de Wecker a scho geet et lass. Eventuell kontrolléiert der 6 mol ob der déi richteg Auerzäit agestallt hutt oder dir hutt um Handy scho fir all Auerzäit e preparéierte Wecker.

Wann deen da mueres rabbelt, geet et direkt Richtung Buedzëmmer, mee ganz wichteg: Net op d'Fouen tëscht de Plättercher trëppelen. Sou, dat do hätte mer gepackt, elo gëllt et nach d'Zänn ze wäschen an eng Dose mol ze kontrolléieren ob een d'Zahnpasta richteg zougedréint huet.

Nach séier duschen, e Kaffi drénken, d'Schmier d'Strass erof geheien an nodeems ee wéi e mëllen un der viischter Dier gezunn huet, fir sécher ze goen, dass se och zou ass, geet et da Richtung Schaff. Déi nei Anlag am Auto muss natierlech getest ginn, awer just, wann de Volume ëmmer eng gerued Zuel ass, well alles anescht bréngt Ongléck.

No 2 Stonnen am Auto fir 25 Kilometer, ass een endlech virum Büro. Nach séier 100 mol den Auto zou spären an da geet et nees am Gallop iwwert d'Fouen an de Büro. Beim Computer leien da schonn d'Blieder an d'Dossiere parat, déi een den Dag virdru schéi symmetresch placéiert huet.

D'Aarbecht ass alt nees stresseg an et sicht ee sech e puer Minutte Rou um Dëppen. Ma do geet de Stress direkt weider, well den Toilette-Roulot an déi falsch Richtung hänkt. Dat éischt Blat muss no fir an net no hannen.

Sou, sech genuch opgereegt fir haut. 8 Stonne geschafft a 10 mol kontrolléiert ob een de Portmonnie nach huet. Séier heem! Et mécht ee sech nach eppes z'iessen a bemol ass och schonn nees Zäit fir schlofen ze goen, ma awer just wann d'Knäpp vun der Bettdecken no ënne sinn.

An ? Hutt der iech erëmerkannt?