Nodeems den Aldrenger ganz verwandelt gouf, hu scho vill Leit sech d'Fro gestallt, wat dann elo mam ale Postgebai geschitt. Dorop krut een haut d'Äntwert.

Fir den Direkter vun der Post, de Claude Strasser, war et een Dag op dee scho laang gewaart gouf. Dat virun allem, well een sech bei der Post bewosst war, wéi interesséiert d'Leit un der Zukunft vum "Hôtel des Postes" sinn. "Endlech ass d'Kaz aus dem Sak!"

Lauschtert hei eran!

De Projet dee virgestallt gouf, huet fir all Stack vum Gebai een anert Zil. Esou wäerten am Rez-de-Chaussé ee Restaurant, eng Bar, Butteker a Servicer ze fanne sinn. Um 1. Stack wäert dann een Hotel waarden, mat ongeféier 80 Zëmmer. Um zweete Stack soll ee Coworking-Space entstoen. Et wëll een awer trotz Lag am Zentrum keng ganz kloer definéiert Clientèle unzéien.

© POST Luxembourg

Dat "neit" Postgebai soll souwuel fir Touristen wéi och d'Leit hei aus dem Land interessant sinn. Et wëll een och aus dem Hotel keen deiere 5 Stären Hotel maachen. D'Zil wier et wierklech eng Plaz ze schafen, déi fir jiddereen accessibel ass.
Virun allem de fréieren Haff vum Postgebai wäert een neien Highlight ginn, nodeems en an de Jore virdru quasi ganz verschwonne war. Besonnesch an de 70er Jore goufen Installatiounen an dësem Haff gebaut, déi dësen éischter verbaut hunn, an och net wierklech verschéinert hunn.

© POST Luxembourg

D'Renovéierung an d'Upassung vum Gebai wäert iwwregens ëm déi 50 Milliounen Euro kaschten. Do sinn awer nach net d'Installatioune vum Restaurant, de Butteker oder der Bar dobäi. D'Finanzéierung vum Projet läit donieft bei der Post, a beim Groupe Artea, deen dëse Projet verwierklecht. Bei der Konstruktioun wëll een och op Lëtzebuerger Betriber zeréckgräifen. D'Exploitatioun vum neien "Hôtel des Postes" wäert awer eleng vun Artea bedriwwe ginn.