Fir ze verstoen, wéi eng Auswierkungen de Lockdown op eist Land hat, gouf eng éischt Etüd lancéiert.

De 24. Juli gouf an der Chamber eng Etüd ënnert d'Lupp geholl, déi sech mat der Situatioun vun de Lëtzebuerger wärend dem Lockdown beschäftegt hat. Des gouf vum "Luxembourg Institute for socio-economic research" duerchgefouert. D'Etüd huet ënnersicht wéi sech de Lockdown op véier Beräicher vun eisem Liewen ausgewierkt huet.
Dat waren:

  • Aarbecht a Beschäftegung
  • Mobilitéit
  • Gesondheet a Liewensqualitéit
  • Familljeliewen a Gläichgewiicht

Mat Hëllef vun de soziale Netzwierker goufen tëscht Enn Mee an Uganks Juli eng 3'000 Persoune befrot. D'Resultater mussen zwar nach verfeinert ginn, mee éischt Resultater konnten elo presentéiert ginn.

Esou huet een zum Beispill erausfonnt, dass de Gros vun de Participanten via Télétravail hir Aarbecht gemaach hunn, an de Chômage partiel wéi och d'Congéen aus Krankheets- a Familljegrënn staark geklomme sinn. Donieft hunn 23% vun de Leit gréisser Investitiounen no hanne verréckelt, a 7% hunn uginn, dass se hire Loyer oder Prêt net bezuele konnten. Trotzdeem hätt de Gros vun de Leit keng Angscht ëm hir Aarbechtsplaz, mee et géif ee sech Suergen ëm déi allgemeng Economie maachen. An awer waren 61% vun de Befroten dogéint aus Solidaritéit d'Steieren z'erhéijen.

Bei der Mobilitéit ass virun allem opgefall, dass d'Trajete manner laang ware wéi soss an och limitéiert goufen. Donieft hätten d'Leit sech ganz gutt mat den digitalen Alternative familiariséiert, wéi zum Beispill den Online Akeef a Videoplattformen.

Bei der Gesondheet ass opgefall, dass d'Participanten allgemeng vun hirer zousätzlecher Zäit profitéiert hätten fir sportlech aktiv ze sinn, och wann de Gros vun de Leit do net iwwer 30 Minutten erauskomm ass.

Bei der Famill hu sech d'Limitte vun dëser Etüd gewisen. Op d'Fro wéi se sech mental an emotional gespuert hunn, sote 40% vun de Leit, dass se sech wärend dem Confinement eleng oder depriméiert gefillt hunn. Op méi Leit an dëser Zäit psychologesch Ënnerstëtzung gesicht hunn, weess een à ce stade nach net. An der Etüd gouf och net ënnersicht, wéi et sech mat de Scheedunge géif verhalen.

Wéi d'Directrice vum LISER, d'Aline Muller erkläert huet, missten déi gesammelt Donnéen nach weider ënnersicht an traitéiert ginn, ier een deen definitive Rapport matdeele kéint. Dëse soll awer fir de September fäerdeg sinn.