Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder

J. Balvin, Dua Lipa, Bad Bunny, Tainy - UN DÍA

Enges Dags steet een op an et huet een eng ganz aner Vue. Bei de Widdere ass dës Woch de Start vun eppes Neiem!

Stéier

Dimitri Vegas & Like Mike VS Regard - Say My Name

Et ass besser, wann ee weess wou een drun ass. D'Stéiere brauche Kloerheet fir weiderzekommen.

Zwilling

Jackson Wang - 100 Ways

Et gi vill Weeër, mee wéi een ass dann elo dee Richtegen? Vertraut ärem Häerz an äre Féiss, si wäerten iech scho richteg guidéieren.

Kriibs

Chris Cornell - Patience

D'Kriibse beweisen dës Woch, dass se net nëmme pëtze kënnen, mee och Gedold hunn fir nozelauschteren.

Léiw

Paloma Faith - Do you want the Truth or Something Beautiful

D'Léiwen hunn es genuch domat, dass d'Saachen net direkt ugeschwat ginn. Dofir huelen si dat einfach selwer an de Grapp.

Jongfra

Jonas Blue & Max - Naked

Just Spaass oder méi? D'Jongfrae sinn sech dës Woch onsécher a wéi eng Richtung se solle goen.

Wo

Elderbrook - My House

Och wann d'Woe soss bescheide sinn: dës Woch wëllen se sech einfach emol sou richteg eppes gönnen. Schlot zou!

Skorpioun

Mark Ronson & Bruno Mars - Uptown Funk

Jiddereen dréint sech dës Woch no de Skorpiounen ëm. Wéi soll een och esou enger Ausstralung entgoe kënnen?

Schütze

Aloe Blacc - I Need A Dollar

Deen een oder aneren Cent méi géif net schlecht doen? Ma dann haalt är Aen op der Sich nom Grousse Lous...

Steebock

Laith Al-Deen - Bilder von Dir

D'Steebéck kënne sech vu verschiddene Biller net méi lassrappen. Konfrontéiert är Vergaangenheet fir en Ofschloss ze kréien.

Waassermann

Sia - Elastic Heart

Ee gutt Häerz mécht vill mat, mee et gi Limitten. D'Waassermänner verpasse verschidde Leit dofir mol eng äiskal Dusch.

Fësch

Deichkind - Dinge

D'Fësch sinn zwar frou mat "hire Saachen", mee dës Woch si Saachen, déi een net kann upaken, nach vill méi wichteg.