Duerch Kooperatioune mat Supermarchéen an d'Hëllef vu "Food Savers" goufe schonn 1503,5 Kilo Liewensmëttel gerett.

124 Kilo d’Joer, esou vill Liewensmëttel geheit all Persoun am Schnëtt zu Lëtzebuerg ewech. 72% vun dëser Verschwendung geschitt am privaten Haushalt, 11,2% a gréissere Kichen, 9% am Gastronomie-Beräich a 7,3% am Commerce. Dat muss a soll awer net esou sinn, dacks fléien nämlech Saachen an d’Poubelle, déi een nach gebrauche kéint, a wann net selwer, da villäicht een aneren. Genee dat denkt sech och d’ASBL Foodsharing Luxembourg, eng non-Profit Organisatioun, déi den Offall vu Liewensmëttel hei am Land reduzéiere wëll.

Lauschtert hei den 1. Deel vum Live Take

D’Konzept ass relativ simpel: Duerch Kooperatioune mat Supermarchéen, Restauranten, Caféen etc. kënnen déi sougenannte "Food Savers" Iessen asammele goen, dat iwwereg bleift. Sief et wéinst dem Mindesthaltbarkeetsdatum, well d’Liewensmëttel net méi ganz frësch sinn oder soss e Makel um Produit ass. D’Leit, déi d’Liewensmëttel siche ginn, kënnen dës da selwer halen oder un anerer verdeelen. Zanter Oktober 2019 bis haut goufen iwwregens 1503,5 Kilo Liewensmëttel gerett. Wie sech bei dësem Projet engagéiere wëll, ka sech bei der ASBL mellen a säi Betrib umelle fir Produiten ze verschenken oder als Privatpersoun selwer „Food Saver“ ginn. Einfach esou bei d‘Betriber goe fir do Produiten ze kréie geet iwwregens net, heifir brauch een e "Food Saver"-Pass mat deem ee sech ausweise muss ier een d’Liewensmëttel ofhuele kann.

Mam 2. Projet vu Foodsharing Luxembourg wëll een elo nach e Schratt méi wäit goen an d’Problematik vun der privater Verschwendung attackéieren. Aktuell wär ee mat verschiddene Stied am Gespréich fir ëffentlech zougänglech Frigoen ze installéieren. Hei kéinte Leit dann eppes dra leeë wat se net méi wëllen oder brauchen an deen nächste ka sech dat da mathuelen. Fiert een zum Beispill an d’Vakanz huet een dacks de Fall, dass een op de leschte Stëppel nach de Frigo eidel maache muss, ier een d’Liewensmëttel awer an d’Poubelle geheit, kéint ee se esou ganz bequem fir anerer zougänglech maachen, déi sech villäicht doriwwer géife freeën. De Projet muss deemno nach ausgeschafft an accordéiert ginn, wann dat geschitt wär et awer definitiv e weidere Schrëtt am Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung.

Lauschtert hei den 2. Deel vum Live Take

Och op verschidden Eventer wéi Demonstratiounen oder Festivals ass d'Team ënnerwee fir anerer ze sensibiliséieren an ze informéieren. Dëst duerch Gespréicher, Presentatiounen oder och gemeinsam Kach-Aktiounen, bei deenen d'Leit gewise kréie wéi ee wat verwäerte kann fir manner Offall ze produzéieren. Wie sech engagéiere wëll muss dann och op een Info-Owend goen, dës goufe wärend der Kris natierlech an digitaler Form ofgehalen.

Weider Infoen iwwer Foodsharing Luxembourg fannt dir hei an all d'Events kënnt dir natierlech op hirem Facebook-Site suivéieren.

© Foodsharing - gerette Liewensmëttel aus Butteker by Foodsharing - gerette Liewensmëttel aus Butteker