Firmen déi an der Coronakris iwwerliewe wëllen, mussen diversifiéieren. Dat ass och fir d'Queen net anescht.

Sief dat Brauereien, déi elo Desinfektiounsmëttel hierstellen, Staubsaugersfabriken déi Ventilatoren bauen, oder Kraiderproduzenten déi elo Maske verkafen. Dat gëllt och fir déi wuel bekanntste Fra an England, nämlech d’Queen.

Normalerweis mécht de Buckingham Palace duerch Visitt Guidées am Summer a säi Souvenirshop all Joers uerdentlech Suen. Mee déi läscht Méint iwwer war dat net dran. Dofir gëtt et awer elo en neien kinnekleche Produit deen, wéi sollt et och anescht sinn, typesch brittesch ass, nämlech de Buckingham Palace Gin.

Lauschtert hei de Reportage:

Dësen Gin gëtt nämlech exklusiv mat Kraider a Bieren aus dem Gaart vum Buckingham Palace distilléiert. Ween sech dann als Invité oder Tourist am Palast an Zukunft en Gin & Tonic bestellt, kritt dësen automatesch mam Buckingham Palace Gin zerwéiert. Als Tourist kann een sech dann och eng Fläsch mat heem huelen. Fir all déi aner Leit kann een sech elo schonn dësen Gin virbestellen, fir en dann am Oktober geliwwert ze kréien.

© Pixabay

Wien da vu sech behaapte wëll, dee selwechten Gin ewéi d’Queen ze drénken, dee kann sech esou eng Fläsch fir 25 Euro am Onlineshop vum Buckingham Palace bestellen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter